Minerve (Hérault)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Occitanie | ||||
Departement | Hérault | ||||
Arrondissement | Béziers | ||||
Kanton | Saint-Pons-de-Thomières | ||||
Postcode | 34210 | ||||
Gemengecode | 34158 | ||||
Koordinaten | 43° 21’ 17’’ N 2° 44’ 50’’ O | ||||
Fläch | 2 789 ha | ||||
Bevëlkerung | 132 (2013) |
Minerve (okzitanesch: Menèrba) ass eng Stiedchen an der Gemeng mam selwechten Numm an der Regioun Occitanie am Süde vu Frankräich. Se läit am Parc naturel régional du Haut-Languedoc.
Nieft Montségur, Quéribus, Puivert a Peyrepertus war Minerve eng Festung vun de Katharer.
Als historesch Haaptstad vum Minervois kommen all Joer iwwer 300.000 Visiteuren op Minerve. Déi mëttelalterlech Stad gouf op engem Fiels tëscht de Flëss Brian a Cesse gegrënnt an dës aussergewéinlech natierlech Lag vun der Stad ass d'Haaptattraktioun fir d'Touristen, nieft där vu senger tragescher Geschicht, dem éischte Scheiterhaufen am Kräizzuch géint d'Albigenser am Joer 1210.
Minerve ass Member vum Veräi vun de schéinsten Dierfer a Frankräich.
Nieft dem Tourismus ass d'Produktioun vu Qualitéitswäiner eng aner Aktivitéit vu Minerve.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Eng Gaass zu Minerve
-
D'natierlech Bréck
-
La Candela, Iwwerreschter vum Schlass vum Vizegrof
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Hérault
- Arrondissementer am Departement Hérault
- Kantonen am Departement Hérault
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Hérault
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Minerve (Hérault) – Biller, Videoen oder Audiodateien |