Mondharmonika

Vu Wikipedia
Mondharmonika
Eng chromatesch Mondharmonika
mat 16 Lächer an eng diatonesch an do.
Klassifikatioun Aerophonen
Tounëmfank meeschtens 3 Oktaven
Änlech Instrumenter Akkordeon, Shō, Sheng
Museker
Larry Adler, Norton Buffalo, Paul Butterfield, Carlos del Junco, Bob Dylan, Big Walter Horton, Howard Levy, Jason Ricci, Sonny Terry, Toots Thielemans, Little Walter, Sonny Boy Williamson II, Stevie Wonder

D'Mondharmonika ass e Blosinstrument aus der Grupp vun den Harmonikainstrumenter. Se fonktionéiert nom selweschte Prinzip wéi den Akkordeon, andeems metalle Lamellen, déi ënnerschiddlech laang sinn, duerch Loft, déi ee mam Mond (duerch Aus- oder Anootmen) duerch déi eenzel Kanäl béist, zum Vibréiere bruecht ginn, an esou hir Téin vu sech ginn.

Mondharmonikae sinn e relatiivt einfacht an deemno bëllegt Instrument, a kënnt zum Beispill an der europäescher Volleksmusek, am Blues (mat der Blues Harp) an an der Old-Time Music zum Asaz - awer sougutt wéi guer net an der klassescher Musek.

Se gouf zanter den 1820er Joren an Däitschland fabrizéiert an huet sech vun do aus doruechter verbreet.

D'Mondharmonika kann iwwer 3 Oktave goen. Et ënnerscheet een dräi grouss Zorten:

  • déi einfach diatonesch Mondharmonika;
  • déi duebel diatonesch Mondharmonika (haiansdo och 'Tremolo' genannt)
  • déi chromatesch Mondharmonika.