Mont-Bonvillers
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | Grand Est | ||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Briey | ||||
| Kanton | Pays de Briey | ||||
| Postcode | 54111 | ||||
| Gemengecode | 54084 | ||||
| Koordinaten | 49° 19’ 39’’ N 05° 50’ 09’’ O | ||||
| Fläch | 744 ha | ||||
| Bevëlkerung | 955 (1999) | ||||
Mont-Bonvillers ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est.
Hir Awunner sinn d'Montois an d'Montoises.
Mont-Bonvillers ass eng Uertschaft déi haaptsächlech aus Aarbechterwunnenge besteet, déi sech riets a lénks laanscht d'Departementsstrooss D952 verdeelen. Wéi de meescht Leit am Baseng vu Briey hunn d'Awunner vu Mont-Bonvillers an der Minière geschafft. Um Bord vun der Uertschaft läit déi haut verloosse Mine de Murville.
Vun der Minière déi op där Plaz zwéi Pëtzer fir d'Fërdere vun Eisenäerz hat, ass net méi vill ze gsinn. D'Minière gouf 1967 zougemaach. D'Plaz op där d'Gebaier vun der Minière stoungen ass zanter 2007 am Gaang sanéiert a revaloriséiert ze ginn. An engem grousse Buedemsilo, dee mat Spezialbaatschen isoléiert ass, gëtt de contaminéierte Buedem stockéiert.
Déi Aarbecht gëtt besonnescht erschwéiert, duerch d'Feele vu valable Pläng, vun de Kanalisatiounen an anere Leitungen déi am Buedem vergruewe sinn. Dat kënnt doduerch, well déi meescht Haiser vun der Minièresgesellschaft opgeriicht goufen, an d'Gemeng ni am Besëtz vun de Pläng war.
Geschichtleches
[änneren | Quelltext änneren]Mont-Bonvillers setzt sech zesummen aus den zwou Uertschafte Mont a Bonvillers.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- D'Kierch Saint-Julien vu Mont déi als Monument historique klasséiert ass, ass eng romanesch Kierch vum Enn 12. an Ufank 13. Joerhonnert déi am 15. Joerhonnert vergréissert gouf. Am 20. Joerhonnert gouf se restauréiert.
- D'Kierch Saint-Étienne-et-Saint-Thibault vu Bonvillers aus dem 18. Joerhonnert.
- D'Kierch Saint-Julien aus dem 12. Joerhonnert
- Vue an d'Uertschaft op der Kräizung vun der Rue Nationale an dem Chemin des Fronts
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Meurthe-et-Moselle
- Arrondissementer am Departement Meurthe-et-Moselle
- Kantonen am Departement Meurthe-et-Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Meurthe-et-Moselle
