Monument Ernest Glessener

Vu Wikipedia
Ernest Glessener Monument zu Baaschtnech

D'Monument Ernest Glessener ass e Krichsmonument zu Baaschtnech an der Neufchâteauerstrooss dat un e gefalenen amerikaneschen Zaldot erënnert.

Den Ernest Glessener war den 10. September 1944 als éischten G.I. um Territoire vun der Stad Baaschtnech, op där Plaz wou d'Monument steet, gefall, nodeem en do en däitschen Tanks zerstéiert hat.

Nieft dem Glessener-Monument steet eng vun de véier Tourellen déi d'Grenz vun den ageschlossenen amerikaneschen Truppe wärend der Ardennenoffensiv duerstellen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monumenter vun der Ardennenoffensiv.