Monument aux morts Iechternach
Ausgesinn
D'Iechternacher Monument aux morts | |
Typ | Krichsmonument |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Iechternach |
Plaz | Musée de préhistoire Hihof |
Ageweit | 12. Juni 1966 |
Architekt | Henri Jegen |
D'Iechternacher Monument aux morts, dat un d'Affer vum Zweete Weltkrich erënnert, steet nieft dem Hihof (rue du Pont) um Fouss vun der Parkierch Péitrus a Paulus.
Den Iechternacher Architekt Henri Jegen huet d'Monument entworf. Et dréit als Opschrëft e Chronogramm vum Marcel Heuertz:
- TRVCI DE RVINA ERECTA VRBE
VICTIMIS NOVATA SACRATVR ARX
De Chronogramm ergëtt d'Joer 1945. Iwwersat heescht en: "Operstanen aus senge freeschleche Ruinen, widmet d'Stad dës restauréiert Zitadell hiren Affer." Mat der restauréierter Zitadell ass den Hiwwel vun der Parkierch, dee mat mat sengen imposanten Maueren un eng Festung erënnert, gemengt.
D'Monument ass den 12. Juni 1966 ageweit ginn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Société d'Embellissement, 1966. Echternach. Guide officiel de la Petite Suisse Luxembourgeoise et de la Basse-Sûre. 17e édition. Société d'Embellissement et de Tourisme d'Echternach (éd.), Luxembourg, Bourg-Bourger, S. 54-55.