Monument vun der 35. Infanteriedivisioun

Vu Wikipedia
Monument vun der 35. Infanteriedivisioun
D'Monument am Oktober 2009
Typ Krichsmonument
Land Belsch
Gemeng Baaschtnech
Plaz Läitren, Villers-la-Bonne-Eau
Koordinaten 49°56'15,04"N, 5°45'22,93"O

D'Monument vun der 35. Infantriedivisioun ass e Krichsmonument an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Et steet op enger Kopp tëscht den Uertschafte Lutremange a Villers-la-Bonne-Eau.

D'Monument erënnert un déi amerikanesch Zaldote vun der 35. Infantriedivisioun déi op där Plaz am Zweete Weltkrich, an der Zäit vun der Ardennenoffensiv gefall sinn.

Op der Plaz vum Monument dat am Agank vun engem klenge Bësch steet, sinn d'Iwwerreschter vun engem Bunker ze gesinn, op deem senger Mauer, op zwou Placken d'Nimm vun de gefalenen Zaldoten agravéiert sinn. Op engem Panneau, mat Fotoen a mat enger Beschreiwung vun den Evenementer, kann e sech iwwer d'Truppebeweegungen informéieren. D'Kämpf an der Géigend vu Lutremange ginn als déi häertst aus der Ardennenoffensiv ugesinn.