Op den Inhalt sprangen

Morihei Ueshiba

Vu Wikipedia
Morihei Ueshiba
Pseudonym 開祖, 翁
Gebuer 14. Dezember 1883
Gestuerwen 26. Abrëll 1969
Doudesursaach Liewerkriibs
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Militär

De Morihei Ueshiba, gebuer de 14. Dezember 1883 zu Tanaba a Japan, a gestuerwen de 26. Abrëll 1969 zu Iwama a Japan, war de Grënner vum Aikidō, enger spirituell markéierter Philosophie a Kampfkonscht. Hie gëllt als ee vun de gréisste Meeschtere vu sengem Joerhonnert. Wéinst der Zäit, an där de Morihei gelieft huet, hat hien nach Kontakt mat Meeschteren aus dem ale Japan an hien huet gläichzäiteg d'Ëffnung vu Japan nom Westen an d'Moderniséierung nach materlieft. De Morihei hat e puer Jongen (zwéi si ganz jonk gestuerwen) an e Meedchen. Ee vun de Jongen, de Kisshomaru Ueshiba, huet seng Léier no sengem Doud weidergefouert.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vu siwe Joer koum de Morihei Ueshiba zu Jizodera an d'Schoul vun engem buddhisteschen Tempel, wou hien déi klassesch Texter vum Konfuzianismus a Buddhismus kennegeléiert huet.

Ufanksjoren[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Studium huet de Morihei an der Verwaltung zu Tanabe geschafft, déi zoustänneg war fir d'Grondsteier. Hien huet do 1902 demissionéiert, fir sech enger Protestbeweegung géint nei Fëschereigesetzer unzeschléissen. Hie goung op Tokio, wou hien e Bicher- a Schoulmaterialgeschäft opgemaach huet. Wéinst enger gesondheetlecher Kris (Beriberi) ass hien erëm zeréck a seng Heemecht gaangen, wou hie sech du bestuet huet.

Militärdéngscht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1903 gouf de Morihei am 37. Regiment vun der 4. Divisioun vun Osaka integréiert. Hie war besonnesch gutt am Ëmgank mat der Baionette a gouf och wéinst sengen Dugenden (fläisseg an éierlech) héich geuecht. Beim russesch-japanesche Krich huet hie sech un der Front ausgezeechent.

Kolonie Shirataki op Hokkaido[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1910 un huet de Morihei sech staark fir d'Besiidlung an d'Regierungsstrukture vun der Insel Hokkaido intresséiert. 1912 ass hie mat 54 Familljen op Hokkaido geplënnert an huet do eng Kolonie gegrënnt. Ënner schwierege Bedingungen ass et dëser Grupp gelongen, sech do eng Existenz opzebauen (ë. a. mat Holzubau). Am Joer 1917 war d'Duerf Shirataki bei engem grousse Brand zerstéiert ginn.

Verbindung mam Onisaburo Deguchi[änneren | Quelltext änneren]

D'Opbauaarbechte vu Shirataki waren nach amgaang, wéi de Morihei wéinst der schwéierer Krankheet vu sengem Papp zeréck op Tanabe huet misse goen. An där Zäit huet hie Bekanntschaft mam Onisaburo Deguchi gemaach, engem spirituelle Meeschter vun der Sekt Omoto-kyo, déi bekannt war fir seng Meditatiouns- an Askeestechniken. Nom Doud vu sengem Papp am Joer 1920 ass de Morihei mat senger Famill op Ayabe an d'Reimlechkeete vun Omoto-Kyo gezunn.

Akademie Ueshiba[änneren | Quelltext änneren]

Mam Averständnis vum Onisaburo huet de Morihei en Deel vu senger Wunneng als Dojo ageriicht an en huet ugefaangen, d'Unhänger vun Omoto-Kyo am Kampfsport ze ënnerriichten. Esou ass d'Akademie Ueshiba entstanen.

Dës Akademie an de Gebaier vun der Sekt Omoto-Kyo hat séier eng héich Reputatioun an huet doduerch och iwwerstanen, wéi d'Sekt den 11. Februar 1921 verbuede gouf an den Onisaburo verhaft gouf. Wärend zwee Joer huet de Morihei versicht dem Onisaburo, deen op Kautioun fräi koum, ze hëllefen erëm opzebauen, andeems hie Landwirtschaft am Streech Tennodaira bedriwwen huet.

Rees an d'Mongolei[änneren | Quelltext änneren]

D'Joer 1924 sollt fir dem Morihei seng weider Entwécklung entscheedend ginn. Zesumme mam Onisaburo Deguchi ass hien op eng spirituell Rees an d'Mandschurei an an d'Mongolei gaangen. Duerch e Komplott goufe si an der Mongolei zum Doud verurteelt an entkoumen der Exekutioun am leschte Moment duerch en Awierke vum japanesche Konsul. De Morihei goung zeréck op den Haff zu Tennodaira an huet erëm op der Akademie Ueshiba geléiert.

Néierloossung als Meeschter zu Tokio[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1925 un, dat Joer, wou säin aiki-budo fäerdeg geräift war, war de Bekanntheetsgrad vum Morihei a Japan ewell esou grouss, datt hien an héchste Kreesser zu Tokio seng Konscht demonstréiere konnt, inklusiv um keeserlechen Haff. Am Joer 1927 huet de Morihei entscheet mat senger Famill op Tokio ze plënneren. Hien huet am Laf vun de Joren zu Tokio verschidden Dojoen opgebaut, dorënner am Abrëll 1931 den Dojo fir aiki-budo (bekannt als Kubokan) am Distrikt Wakamatsu-Cho.

Am Joer 1933 gouf de Morihei President vun der jonker Gesellschaft fir d'Promotioun vun de japanesche Kampfkënscht. Vun 1940 un gouf aiki-budo déi offiziell Referenz vun der Police-Akademie.

Liewensenn[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich, wou vill Schüler hu missen un d'Front kämpfe goen, huet och de Morihei Tokio verlooss an huet sech mat senger Fra zu Iwama néiergelooss. De Kisshomaru Ueshiba, säi Jong, huet sech déi Zäit ëm de Kubokan zu Tokio gekëmmert.

Nom Krich gouf 1948 den Dojo zu Tokio ëmgedeeft an Dojo Ueshiba, als weltwäiten Zenter vum Aikidō. De Morihei awer blouf zu Iwama, an der Kontemplatioun an an der Praxis vun de Kampfkënscht. Heiansdo huet hien nach Reesen op Invitatioun gemaach.

1960 huet d'Televisioun mam Morihei e Film iwwer de Meeschter vum Aikidō realiséiert. De 7. August 1962 gouf am Tempel Aiki zu Iwama e grousse Festival organiséiert, fir dem Morihei seng 60 Joer Praxis vun de Kampfkënscht ze zelebréieren. 1964 krut hien eng keeserlech Auszeechnung als Unerkennung fir seng aussergewéinlech Beiträg fir d'Kampkënscht. De 14. Mäerz 1967 gouf zu Tokio de Grondsteen vun enger moderner Ariichtung op dräi Stäck, dem Hombu Dojo, geluecht. Ufanks 1969 gouf de Morihei stënterlech krank an ass de 26. Abrëll gestuerwen. Seng Äsche sinn am Tempel vu senger Famill zu Tanabe begruewen.

Säi Wee an de Kampfkënscht[änneren | Quelltext änneren]

De Morihei Ueshiba huet am Laf vu sengem Liewe Kontakt mat enger Rei vu Meeschteren a verschiddene Kampfkënscht gehat a gouf e puermol hire Schüler. An den 1920er Joren huet hien op der Schnëttstell tëscht Spiritualitéit a Kampfkonscht säin eegene Wee gegrënnt, deen haut als Aikido bekannt ass.

Léierjoren an Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Wärend sengem éischten Openthalt zu Tokio huet de Morihei ugefaangen, déi traditionell Kampfkonschtaarten Jujutsu an Kenjutsu ze léieren. A senger Militärzäit huet hien am Dojo vum Masakatsu Nakai zu Sakai trainéiert a sech fir d'Schoul vum Goto intresséiert.

Am Joer 1907 koum hien nom Militärdéngscht zeréck op Tanabe an huet um Haff vun der Famill geschafft. Säi Papp hat de Judoka Kiyoichi Tagaki iwwerzeegt, de Morihei z'ënnerriichten, an hien hat dofir eng Scheier als Dojo ëmgebaut. De Morihei huet och nach weider zu Sakai trainéiert an do säin Diplom an der Schoul vum Goto gemaach.

A senger Zäit an der Siidlung Shirataki op Hokkaido ass de Morihei dem Sokaku Takeda, engem bekannte Meeschter vum Daito-Ryo, begéint, gouf säi Schüler an huet den Zertifikat Daito-Ryu jujutsu kritt.

An den 1920er Joren, wou de Morihei d'Akademie Ueshiba am Gebai vun der Sekt Omoto-Kyo gegrënnt a bedriwwen huet, huet hie sech fir Sojutsu (Technik mat der Lanz) intresséiert, an hien huet intensiv weider mam Säbel an och jujutsu trainéiert. Dem Morihei seng eege Léier vun der Kampfkonscht, den Aiko-budo, ass aus senger spirituell markéierter Entwécklung an de Joren 1922 (Virstellung vu sengem Wierk Ueshiba-ryu aiki-bujutsu), 1924 (liewensgeféierlech Rees an d'Mongolei) an 1925 (Erliichtung) ervirgangen.

Dem Morihei säi Bekanntheetsgrad, dee vum Ufank vun deem Joerzéngt u scho grouss war, ass dono nach däitlech an d'Luucht gaangen. Vun 1925 un ass hien als unerkannte Meeschter op Tokio gaangen, fir d'éischt e puermol op Invitatioun a vun 1927 u fir sech do z'etabléieren.

Héichzäit als Meeschter zu Tokio[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1930 krut de Morihei zu Tokio a sengem Dojo Besuch vum Jigoro Kano, dem Grënner vum Judo. Dee war ganz impressionéiert vum Morihei senger Aarbecht, huet him attestéiert säin Ideal vum budo an d'Realitéit ëmgesat ze hunn an huet him zwéi vu senge Schüler uvertraut: de Jiro Takeda an de Minoru Mochizuki.

De Kubokan, dem Morihei säin Dojo zu Tokio vun 1931 un, war wéinst der aussergewéinlecher Intensitéit vun den Trainingen als "Dojo vun der Hell" bekannt. Dat Joerzéngt war eng Héichzäit vum Aikidō a vill Schüler hu sech der Beweegung ugeschloss. Op Recommandatioun vum Chef vun der Police-Prefektur vun Osaka huet de Morihei och ugefaangen, Polizisten z'ënnerriichten.

Am Joer 1939 gouf de Morihei invitéiert, fir an der Mandschurei eng Demonstratioun ze ginn. Dobäi ass et him gelongen - wat seng du schonn enorm Reputatioun dee Moment just nach bestätegt huet -, de fréiere Sumo-Ringer Tenryu mat engem eenzege Fanger um Buedem z'immobiliséieren.

Säi spirituelle Wee[änneren | Quelltext änneren]

De Morihei Ueshiba war säi ganzt Liewen iwwerzeegt, datt eng déif Verbindung tëscht dem Kultivéiere vum Buedem an de Kampfkënscht besteet.

Zäit bei Omoto-Kyo[änneren | Quelltext änneren]

Dëst Gefill gouf an der Zäit, déi hie vun 1920 u bei der Sekt Omoto-Kyo verbruecht huet, nach méi staark. Hien hat och do dat absolutt Vertraue vum Uféierer, dem Onisaburo Deguchi, a konnt un allen Exercicen a Praktike vun der Sekt deelhuelen, déi op Meditatioun an Askees spezialiséiert war.

Hien huet ugefaange sech fir de Studium vum Kotodama z'intresséieren an huet sech doduerch vun den Traditioune vum Yagyu-ryu a vum Daito-ryo jujutsu ewechbeweegt.

Ueshiba-ryu aiki-bujutsu[änneren | Quelltext änneren]

Dem Morihei seng perséinlech geräift spirituell Interpretatioun war, datt d'Technik d'Uwendung an der siichtbarer Welt vu gëttleche Prinzippien ass. Duerch dës Approche huet de Morihei d'Grenzen tëscht Geescht, Séil a Kierper gesprengt. Am Joer 1922 gouf seng Synthees an der Ëffentlechkeet als Ueshiba-ryu aiki-bujutsu bekannt.

Seng Erfarungen 1924 op der Front an der Mongolei, wou hien dem Doud ganz no koum, hunn de Morihei verännert. Hie war iwwerzeegt, datt hien duerch blëtzaarteg Liichtimpulser de Verlaf vu Kugelen oder Schwäerter, déi sollte géint hie benotzt ginn, erkenne konnt.

Erliichtung (satori) am Joer 1925[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1925 gouf hie vun engem Marinn-Offizéier, engem Meeschter am Kendo, erausgefuerdert. De Morihei huet mat sengen aussergewéinlechen intuitive Fäegkeeten gewonnen, quasi ouni kämpfen ze mussen. No dësem Kampf hat hien eng Erliichtung (satori) an huet dee Moment all d'philosophesch Prinzippien, op deenen den Aikidō opgebaut ass, verstanen. Seng Léier sollt sech dono ënnert dem Numm aiki-budo verbreeden.

Opbau vum ubuya zu Iwama[änneren | Quelltext änneren]

Zu Iwama huet de Morihei, nodeems hien Tokio wéinst dem Krich verlooss hat, den ubuya ("Gebuertsplaz"), den hellege Krees vum Aikidō, opgebaut. Déi Ariichtung gouf 1944 fäerdeg. Ënner anerem sinn do en Altor vum Aiki an en Dojo am Fräien ze fannen.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Ueshiba, Morihei. Budo : Les enseignements du fondateur de l'Aikidō. Paris: Editions Budostore, 1991.