Morocco Oukaïmeden Sky Survey

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Morocco Oukaïmeden Sky Survey ofgekierzt M.O.S.S. ass e kooperative Projet deen am August 2011 vum Laboratoire de Physique des Hautes Energies et d'Astrophysique vun der Cadi Ayyad Universitéit vu Marrakesch, der Schwäizer Société jurassienne d'astronomie an der franséischer Amateurastronomin Claudine Rinner an d'Welt gesat gouf.

D'Cadi Ayyad Universitéit huet d'Observatiounsgebai gestëft, d'Société jurassienne huet d'3,2-Meter Kuppel an d'Claudine Rimmer huet e 50-cm Teleskop finanzéiert.

D'Observationsgebai steet nieft dem Gebai vum Observatoire vun Oukaïmeden am Héijen Atlas op enger Héicht vun 2.750 Meter en ronn 50 km südlech vu Marrakesch.

Seng IAU-Koordinate sinn: Long: 352.13354 / Cos: 0.856441 / Sin: +0.515339. a säin IAU-Code ass J43

Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]