Mouss Diouf
Ausgesinn
| Mouss Diouf | |
|---|---|
![]() | |
| Gebuertsnumm | Pierre Diouf |
| Gebuer |
28. Oktober 1964 Dakar |
| Gestuerwen |
7. Juli 2012 Marseille |
| Doudesursaach | Hiereschlag |
| Nationalitéit | Frankräich, Senegal |
| Aktivitéit | Komiker, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller |
|
| |
De Pierre Moustapha ("Mouss") Diouf, gebuer den 28. Oktober 1964 zu Dakar am Senegal, a gestuerwen de 7. Juli 2012 zu Marseille, war e franséische Schauspiller a Komiker.
Hien hat eng Rëtsch Niewerollen a Filmer an an Telefilmer, an ass och a One-Man-Showen opgetrueden (Avant, quand j'étais noir, 2006 an Naturellement humain, 2008). Bekannt war e virun allem fir seng Roll als Inspekter N'Guma an der Televisiounsserie Julie Lescaut tëscht 1992 an 2006.
2009 krut hien op der Bün en Hiereschlag, vun deem e sech net méi erholl huet an un de Follge gestuerwen ass.

