Op den Inhalt sprangen

Mousselinescrème

Vu Wikipedia
frësch Mousselinescrème

Eng Mousselinescrème ass eng Mëschung vu Crème pâtissière mat Botter.

Si besteet deemno aus Zocker, Eeër a Miel, déi gutt vermëscht ginn, an op déi da kache Mëllech geschott gëtt, an dann ënner stännegem Réieren op staarker Flam agedéckst gëtt. Nodeem datt dës Crème pâtissière nees ofgekillt ass gëtt mëlle Botter drënnergeklappt.

Et kann ee s'a Pâtisserie verschaffen, wéi z. B. Chou, Millefeuille oder Fraisier.