Multimodalplattform Beetebuerg

Vu Wikipedia

D'Multimodalplattform Beetebuerg am Süde vun der Beetebuerger Gare ass eng Infrastruktur fir Container vun Zich op Camionen (an ëmgedréint), a Camionen op Zich a vun Zich erof ze lueden. Si gëtt vun der Logistikgesellschaft CFL Multimodal bedriwwen, enger Duechtergesellschaft vun den CFL. Vun 2014 un gouf eng Extensioun gebaut déi 2017 a Betrib geholl gouf. Se gouf de 7. Juli offiziell opgemaach[1].

D'Plattform ass 33 ha grouss a besteet ë. a. aus 4 Gleiser vu 700 m Längt, iwwer déi Bréckekrane mat engem Gewiicht vun 380 t an enger Héicht vun 20 m ewechfueren, fir bis zu 300.000 Container am Joer ëmzetässelen,[2] an zwee weider Gleiser vu 700 m Längt, wou bis zu 300.000 Camionen d'Joer op Zich erop- an eroffuere kënnen, déi dann iwwer d'Eisebunn doruechter gefouert kënne ginn[3].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Wort vum 8. Juli 2017
  2. "Le nouveau terminal et ses infrastructures​" op cfl.lu.
  3. "Projet nouveau terminal intermodal" op cfl.lu.