Munich

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Informatiounen

Munich (Plakat).jpg

Film
Originaltitel: Munich
Produktiounsland: Malta, Däitschland, Israel, USA
Première: 2005
Dauer: 164 Minutten
Originalsprooch: Englesch
Equipe
Regie: Steven Spielberg
Dréibuch: Tony Kushner
Eric Roth
Charles Randolph
Fotografie: Janusz Kaminski
Musek: John Williams
Produzent: Kathleen Kennedy
Berry Mendel
Steven Spielberg
Colin Wilson
Schauspiller
Eric Bana als Avner
Geoffrey Rush als Ephraim
Daniel Craig als Steve
Hanns Zischler als Hans
Mathieu Kassovitz als Robert
Ciarán Hinds als Carl
Mathieu Amalric als Louis
Michael Lonsdale als dem Louis säi Papp
Valeria Bruni-Tedeschi als Sylvie
Hiam Abbass als Marie Claude
Marie-Josée Croze als Jeanette
Moritz Bleibtreu als Andreas
Filmportal - Filmer no Joren
Film no Länner - Film no Genre

Munich ass en US-amerikanesche Film vum Steven Spielberg aus dem Joer 2005.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Bei den Olympesche Spiller 1972 zu München hunn arabesch Terroristen zwielef israelesch Sportler als Geisele geholl. Wéi déi däitsch Police um Fluchhafe vu Fürstenfeldbruck eng Beifreiungsaktioun starte wollt hunn d'Terroristen all d'Sportler massakréiert. Sou wäit déi bekannt historesch Fakten.

Elo fänkt d'Fiktioun an och den eigentleche Film un. Déi deemoleg israelesch Presidentin Golda Meir wëll d'Käpp vum Schwaarze September net ongestrooft dovukomme loossen. Eng inoffiziell Mossad-Equipe gëtt zesummegesat mam Optrag 11 Masterminds z'eliminéiren. Deen op der internationaler Bühn nach onbekannte klengen Agent Avner soll d'Operatioun leeden. Den Avner huet näischt vum falsche Glamour vun engem James Bond: en ass bestuet, seng Fra erwaart an en huet Angscht fir seng Famill.

Am Laf vum Film street de Spielberg ëmmer nees Zeenen a Gespréicher an, déi souwuel de Spectateur wéi och d'Protagoniste selwer zum Nodenke brénge sollen. Sou gëtt eng Parallel gezunn tëscht de Geheimagenten an den Terroristen (béid kämpfe fir eng Heemecht an hir Famill) an Zweiwel kommen op um Sënn vun der Missioun (firwat Terroristeféirer liquidéiere wann an hir Plaz direkt neier kommen, déi nach méi grausam agéieren; Gewalt produzéiert Géigegewalt).

Dozou kënnt nach datt dem Avner seng Equipe schlussendlech selwer an d'Viséier vu Killer kënnt.

De Film an der Kritik[änneren | Quelltext änneren]

De Spielberg, deen u sech iwwer all Verdacht vun Antisemitismus steet, gouf fir dëse Film staark vun israelesche Kritiker attackéiert, well e versicht huet all Konturen tëscht Gutt a Béis ze verwëschen a ganz wäertfräi op d'Mënsche blécke wollt déi um Geschäft mam Doud bedeelegt sinn. Um Enn gesäit een dann och d'Skyline vu Manhattan, zu där deemools nach de World Trade Center gehéiert huet - eng kloer Uspillung op den haitegen Ëmgank vun den USA mat Terroristen.

De Film gëtt awer trotz allem eng kleng Upak fir eng objektiv Wäertung, déi de Personnage vum Ephraim ausschwätzt: "Ech schneide mer jo och ëmmer erëm meng Fangerneel, obwuel ech weess datt se nees nowuessen." En plus ass den Ënnerscheed wuel ersiichtlech: de Mossad schalt just geziilt eenzel Topleit vum Schwarze September aus, während d'Terroriste meeschtens Onschëlleger a méiglechst groussen Zuelen an d'Viséier huelen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]