Op den Inhalt sprangen

Museksschoulen zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
De Conservatoire de musique du nord
Den Escher Conservatoire

Opgrond vum Gesetz vum 28. Abrëll 1998 ass de Musekunterrecht zu Lëtzebuerg vun de Gemengen harmoniséiert ginn. D'Gesetz gesäit dofir e puer Niveaue vu Museksunterrecht an alle Branchë vir:

  1. Den ënneschten Niveau schléisst mar enger 1. Mentioun of;
  2. De mëttleren Niveau endegt mam Diplom vun der mëttler Divisioun;
  3. An der mëttler spezialiséierter Divisioun gëtt et um Enn en l. Präis;
  4. Um ieweschten Niveau kritt een als Ofschloss een Diplôme supérieur.

Andeelung vun de Musekschoulen

[änneren | Quelltext änneren]

Museksconservatoiren

[änneren | Quelltext änneren]

Gemengen oder Gemengesyndikater bedreiwe Museksconservatoiren, déi an alle 4 Divisiounen, déi virdrun opgezielt goufen, Museksstonne kënne ginn. Follgend Museksconservatoire gëtt et zu Lëtzebuerg:

Museksschoulen

[änneren | Quelltext änneren]

Déi aner Museksschoule vu Gemengen oder Gemengesyndikater, déi op Aktivitéiten an de Kategorien 1, 2 an ënner gewësse Konditiounen an der Kategorie 3 ënnerriichten, nenne sech Museksschoulen. Et steet hinne fräi, hir Musekscoursen an Zesummenaarbecht mat der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) z'organiséieren. Zur Zäit hunn 60 Gemengen oder Gemengesyndikater sou eng Konventioun mat der UGDA ofgeschloss. Heira figuréieren ënner aneren: