Musée Guimet
Ausgesinn
De Musée Guimet, mam ganzen Numm Musée national des arts asiatiques - Guimet, ass e Musée am 16. Arrondissement zu Paräis.
E gouf 1889 op Initiativ vum Industriellen Émile Guimet opgeriicht, an ass haut de staatleche Musée fir Konscht aus Asien. E gouf 1960 vun der Jeannine Auboyer reamménagéiert; 1991 koum eng Dépendence bäi, déi Panthéon bouddhique genannt gëtt. Zum Musée gehéiert e klenge japanesche Gaart.
De Musée Guimet huet déi gréisst Sammlung vun asiatesche Konschtobjete baussent Asien.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Émile Guimet: Huit jours aux Indes in: Le Tour du Monde, Neuauflage, Paris, 2007, Phébus, ISBN 978-2-7529-0251-1
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Musée Guimet – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Musée Guimet (chin./engl./frz.)
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis. |