Muttergottes, d'Jesuskand an déi helleg Anna

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dem Leonardo säi Bild

Muttergottes, d'Jesuskand an déi helleg Anna ass en Uelegbild op Holz vum Leonardo da Vinci, dat hien ëm 1508 gemoolt huet, an dat haut am Louvre hänkt.

De Leonardo da Vinci gräift dobäi op eent als "Anna selbdritt" bekannt chrëschtlecht Motiv zeréck, d'Duerstellung vun der Dräiergrupp mat der helleger Anna, hirer Duechter Maria an dem Jesuskand.

Wien den ursprénglechen Optrag fir d'Bild ginn huet ass net méi ze beleeën, et kéint als Altorbild fir d'Servitepatere vun SS. Annunziata zu Florenz virgesi gewiescht sinn, oder de Leonardo huet et aus eegenem Undriff gemoolt.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

Sigm. Freud: Eine Kindheitserinnerung des Leonardo da Vinci in Sigmund Freud "Gesammelte Werke" Achter Band "Werke aus den Jahren 1909-1913", S. Fischer Verlag, Frankfurt am Main, 1945, S. 127-211.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Muttergottes, d'Jesuskand an déi helleg Anna – Biller, Videoen oder Audiodateien