Mylène Farmer
Mylène Farmer | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Mylène Jeanne Gautier |
Pseudonym | Mylène Farmer |
Gebuer |
12. September 1961 Pierrefonds |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Cours Florent |
Aktivitéit | Liddermécher, Schrëftsteller, Sänger, Schauspiller, Museker, Kannerbuchauteur, Dichter, Komponist, Museksproduzent |
D'Mylène Farmer, gebuer als Mylène Jeanne Gautier den 21. September 1961 bei Montréal a Kanada, ass eng franséisch Sängerin, Songwriterin, Schauspillerin a Schrëftstellerin.
Zanter Mëtt der 1980er Joren ass si d'Sängerin, déi déi meescht Placken a Frankräich verkeeft an hir Musek huet och e grousse Succès iwwer d'Grenze vun de franséischsproochege Länner ewech, haaptsächlech an Osteuropa. Am Ganzen huet si méi wéi 30 Millioune Placke verkaaft, dorënner 15 Milliounen Albumen. Si hält och de Rekord vun de meeschte Singlen un der Spëtzt (15) an an den Top 10 (47) vun de franséische Singlecharts (Stand: 2016).
Si mécht ganz rar ëffentlech Optrëtter a refuséiert all Informatioun iwwer hiert privat Liewen, mä huet sech mat spektakuläre Musekvideoen an Tournéeën eng speziell musikalesch Welt geschaf.
Inhaltsverzeechnes
Carrière[änneren | Quelltext änneren]
Den Ufank an éischt Erfolleger[änneren | Quelltext änneren]
D'Mylène Gautier ass als Kand vu franséischen Elteren am Québec gebuer ginn a géint Enn vun den 1960er Joren a Frankräich geplënnert. 1984, nodeem si als Model geschaf an an Televisiounsreklamme matgemaach hat, huet si de Museks- a Filmproduzent Laurent Boutonnat begéint, deen no enger Sängerin fir säi Lidd Mamam a tort gesicht huet. Zu där Zäit huet d'Mylène Gautier och hiren aktuellen Numm ugeholl, eng Hommage un déi US-amerikanesch Schauspillerin Frances Farmer. Nom Ufankserfolleg vun der éischter Single huet de Boutonnat dem Farmer 1986 hiren éischten Album Cendres de lune geschriwwen a produzéiert, dee mat enger duebeler Gold-Schallplack ausgezeechent gouf. Den Erfolleg gouf haaptsächlech vum Lidd Libertine an deem sengem Musekclip gedroen, dee vum Film Barry Lyndon inspiréiert ass an an deem d'Sängerin komplett plakesch ze gesinn ass. D'Lidd huet sech als éischt vun hire Lidder an den nei kreéiert franséische Singlecharts placéiert a konnt sech do sechs Méint halen.
D'Joer drop huet sech hiren zweete Studiosalbum Ainsi soit je..., dee si selwer geschriwwen huet an deen nach ëmmer vum Boutonnat produzéiert gouf, iwwer zwou Millioune Mol verkaaft, haaptsächlech wéinst dem Succès vun de Lidder Sans contrefaçon a Pourvu qu'elles soient douces, déi bis op déi 2. respektiv déi 1. Plaz vun de franséischen Charts geklomme sinn. De vum Boutonnat gedréinte Video vu Pourvu qu'elles soient douces war zu där Zäit de längsten an deierste franséische Musekvideo, dee jee gedréint gouf.
L'autre...: Um Wee zum Superstar[änneren | Quelltext änneren]
Ufanks der 1990er Joren huet sech d'Mylène Farmer schliisslech richteg als Superstar etabléiert. Déi éischt Single Désenchantée vun hirem 1991er Album L'autre... huet sech eleng schonn iwwer eng Millioun Mol verkaaft an huet si iwwer d'franséisch Grenzen ewech bekannt gemaach. Dem Guinness-Buch vun de Rekorder no war et zu där Zäit déi meeschtverkaafte franséisch Single op der Welt. Am iwwer 10 Minutte laangen an zu Budapest gedréinte Video spillt d'Sängerin eng rebelléierend Prisonéierin an enger Konzentratiounslager- oder Gulag-ähnlecher Anlag. Och déi folgend Singlen hate spektakulär oder provozéierend Musekvideoen a ware kommerziell e grousse Succès.
Am November 1991 huet e Fan d'Receptionistin vun hirer Plackefirma Polydor erschoss, well si him net dem Mylène Farmer hir Adress ginn huet. Obwuel sech d'Sängerin nom Ongléck aus der Ëffentlechkeet zréckgezunn huet, huet dat hirem Erfolleg net geschuet. De Musekvideo zum Lidd Que mon cœur lâche (1992), an deem AIDS thematiséiert gëtt, gouf vum bekannte franséische Regisseur Luc Besson gedréint.
Échec mam Film Giorgino a weidere musikaleschen Erfolleg[änneren | Quelltext änneren]
Que mon cœur lâche (1992) war déi lescht Single vum Farmer fir déi nächsten dräi Joer. Si huet d'Haaptroll am Boutonnat sengem Film Giorgino ugeholl, deen 1994 erauskomm ass. Giorgino war mat engem Budget vun 80 Millioune franséische Frang op Englesch gedréint ginn, mä war e finanzielle Fiasko. Nëmme 60.000 Leit hunn de Film gesinn; domat konnten nëmmen 1 % vun den Ausgaben erëm agespillt ginn. Doropshin huet d'Mylène Farmer Frankräich fir Kalifornien verlooss, wou si un hirem méi Rock-orientéierten Album Anamorphosée (1995) geschaf huet. Och dee war erëm erfollegräich a gouf ënner anerem vun de Singlen XXL (#1), L'instant X (#6), California (#7) a Rêver (#7) gedroen. Wärend hirer zweeter Tournée gouf den Album Live à Bercy opgeholl, deen nach haut de meeschtverkaafte Live-Album a Frankräich ass.
Den 1999er Album Innamoramento hat genee sou vill Succès wéi d'Virgängeralbumen an ass op enger grousser Tournée duerch Frankräich, d'Belsch, d'Schwäiz a Russland virgefouert ginn. D'Tournée Mylenium Tour huet de Rekord vun der Tournée vun engem net engleschsproochege Kënschtler gebrach, déi déi meescht Suen agespillt huet. Déi zweet Singleauskopplung Je te rends ton amour (#2) gouf wéinst Plakegkeet, bluddegen Zeenen an offensichtlecher Kritik um Chrëschtentum an der kathoulescher Kierch vu verschiddenen Televisiounssenderen zenséiert.
D'Entdeckung vum Alizée a Les mots[änneren | Quelltext änneren]
2000 huet d'Farmer d'Carrière vun hirer Protégée, der Sängerin Alizée, lancéiert, déi mam Lidd Moi... Lolita d'Top 10 an deene meeschten europäesche Länner erreecht huet. Och hir zwee Albume Gourmandises a Mes courants électriques goufe vum Mylène Farmer produzéiert an hu sech weltwäit iwwer zwou Millioune Mol verkaaft.
2001 huet d'Mylène Farmer hir éischt Kompilatioun Les mots erausbruecht, déi zum meeschtverkaafte "Best Of" vun allen Zäiten a Frankräich ginn ass an d'Duett mam selwechten Numm mam brittesche Sänger Seal enthält. Aner nei Lidder um Disk ware C'est une belle journée a Pardonne-moi. Duerno huet d'Sängerin eng Paus gemaach a just nach 2003 d'Buch Lisa-Loup et le conteur verëffentlecht.
Comeback mat Avant que l'ombre an aneren Albumen[änneren | Quelltext änneren]
Véier Joer méi spéit huet d'Mylène Farmer hire Comeback mam Album Avant que l'ombre a mam Lidd Fuck Them All ugekënnegt. D'Auskopplung L'Amour n'est rien… huet zu de meeschtgespillte Radioslidder a Russland gezielt. A Frankräich gouf d'Single Slipping Away (Crier la vie), eng Zesummenaarbescht mam Moby, hiert véiert Lidd, dat d'Spëtzt vun den Charts erreecht huet. 2006 huet d'Farmer eng Synchronspriechroll am Luc Besson sengem Animatiounsfilm Arthur et les Minimoys ugeholl. Obwuel hiren nächsten Album Point de souture gemëschte Kritike krut a bal net um Radio gespillt gouf, konnte sech duerch d'Akeef vun der Sängerin hirer breeder Fanbasis all fënnef Singlen op der éischter Plaz vun de franséische Singlecharts placéieren, och wa si du séier erëm gefall sinn. 2008 huet si hirer Niess Lisa hiert Lidd Drôle de Creepie produzéiert.
Am Joer 2010 huet d'Mylène Farmer iwwerraschend erkläert, datt de Laurent Boutonnat net mat un hirem neien Album Bleu noir geschafft huet. Si huet dogéint un engem neie Sound mam marokkanesch-schweedesche Produzent RedOne geschafft, deen haaptsächlesch fir seng Aarbecht mat der Lady Gaga bekannt ass. Déi éischt Electropopsingle Oui mais... non an déi zwou aner Singlë Bleu noir a Lonely Lisa konnte sech erëm op der Nummer 1 placéieren.
2001.2011, eng zweet Komplilatoun mat all den Hitten zanter der Verëffentlechung vu Les mots, ass 2011 op de Maart komm.
Den Album Monkey Me huet am Dezember 2012 de Retour vun der Kollaboratioun Farmer-Boutonnat markéiert. Souwuel den Album, wéi och déi éischt Single À l'ombre sinn op d'Nummer 1 an den Charts ageklommen. Tëscht September an Dezember 2013 huet d'Mylène Farmer hir Concertstournée Timeless 2013 duerch Frankräich, d'Schwäiz, d'Belsch, Russland a Wäissrussland gemaach, fir déi an engem eenzegen Dag bal 200.000 Billjeeë verkaaft goufen. Am Ganzen hu 500.000 Leit déi Tournée gesinn. Am Dezember ass de Livealbum dovun erauskomm.
Am November 2015 huet d'Sängerin den Album Interstellaires verëffentlecht, dee vum Martin Kierszenbaum an The Avener produzéiert gouf. Dee Pop-Rock-Album koum gutt bei de Kritiker un, a war och kommerziell erfollegräich. E gouf dräimol mat Platin ausgezeechent an stoung an den Top 10 vun den Albumcharts vu 16 Länner. Éischt Singleauskoppelung war Stolen Car, en Duett mam Sting dat dee schonn 2004 als Solosingle erausbruecht hat. D'2015er Versioun war e grousse Succès a stoung op der Plaz 1 a Frankräich, der franséischsproocheger Belsch an esouguer den amerikaneschen US Dance Club Songs Charts. Mam deem Lidd ass si ënner anerem an der beléifter US-amerikanescher Talkshow The Tonight Show Starring Jimmy Fallon opgetrueden.
Diskographie[änneren | Quelltext änneren]
Studioalbumen[änneren | Quelltext änneren]
Joer | Titel | ![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
Verkeef |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1986 | Cendres de lune | 5 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | 700.000 |
1988 | Ainsi soit je… | 1 | - | - | 47 | - | - | - | - | - | - | 1.800.000 |
1991 | L'autre… | 1 | 1 | 27 | 55 | - | 9 | 45 | - | - | - | 2.200.000 |
1995 | Anamorphosée | 1 | 2 | 25 | - | - | - | - | - | - | - | 1.400.000 |
1999 | Innamoramento | 2 | 2 | - | - | - | - | - | - | - | - | 1.300.000 |
2005 | Avant que l'ombre… | 1 | 1 | 2 | - | 1 | - | - | 10 | 5 | - | 800.000 |
2008 | Point de suture | 1 | 1 | 2 | - | 1 | 4 | - | - | 16 | - | 800.000 |
2010 | Bleu noir | 1 | 1 | 7 | - | 1 | - | - | - | 36 | 98 | 800.000 |
2012 | Monkey Me | 1 | 1 | 3 | - | 1 | - | - | - | - | - | 700.000 |
2015 | Interstellaires | 1 | 1 | 3 | 79 | 6 | - | - | - | 70 | - | 300.000[1] |
2018 | Désobéissance | 1 | 1 | 3 | - | - | - | - | - | - | - | 200.000[2] |
Livealbumen[änneren | Quelltext änneren]
Kompilatiouns- a Remixalbumen[änneren | Quelltext änneren]
Singlen[änneren | Quelltext änneren]
Joer | Titel | ![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
![]() |
Verkeef (Frankräich) |
Album |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1984 | Maman a tort | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | Cendres de lune | |
1985 | On est tous des imbéciles | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | — | |
Plus grandir | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | Cendres de lune | ||
1986 | Libertine | 10 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | 400.000 | |
1987 | Tristana | 7 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | ||
Sans contrefaçon | 2 | - | - | - | - | - | - | - | 46 | - | - | 700.000 | Ainsi soit je… | |
1998 | Ainsi soit je... | 12 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | ||
Pourvu qu'elles soient douces | 1 | - | - | - | - | - | - | 56 | 87 | - | - | 900.000 | ||
1989 | Sans logique | 10 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | ||
À quoi je sers | 16 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | — | ||
Allan (Live) | 32 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | En concert | ||
1990 | Plus grandir (Live) | 35 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | ||
1991 | Désenchantée | 1 | 1 | 23 | - | - | 9 | 16 | 19 | 46 | - | - | 1.300.000 | L'autre… |
Regrets (zesumme mam Jean-Louis Murat) |
3 | 2 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | |||
Je t'aime mélancolie | 3 | 8 | - | - | - | 12 | - | - | 70 | - | - | |||
1992 | Beyond My Control | 8 | 10 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | ||
Que mon cœur lâche | 9 | 8 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | — | ||
1995 | XXL | 1 | 3 | 11 | - | - | - | - | - | - | - | - | Anamorphosée | |
L'instant X | 6 | 12 | - | 81 | - | - | - | - | - | - | - | |||
1996 | California | 7 | 22 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | ||
Comme j’ai mal | 11 | 21 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | |||
Rêver | 7 | 12 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | |||
1997 | La poupée qui fait non (zesumme mam Khaled) |
6 | 5 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | Live à Bercy | |
Ainsi soit je (Live) | 27 | 22 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | |||
1999 | L'Âme-Stram-Gram | 2 | 9 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | Innamoramento | |
Je te rends ton amour | 10 | 18 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | |||
Souviens-toi du jour… | 4 | 18 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | |||
2000 | Optimistique-moi | 7 | 15 | 58 | - | - | - | - | - | - | - | - | ||
Innamoramento | 3 | 24 | 56 | - | - | - | - | - | - | - | - | |||
Dessine-moi un mouton (Live) | 6 | 11 | 59 | - | - | - | - | - | - | - | - | Mylenium Tour | ||
2001 | L'histoire d'une fée, c'est… | 9 | 10 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | — | |
Les mots (zesumme mam Seal) |
2 | 2 | 2 | 4 | 15 | 39 | - | - | - | - | - | 600.000 | Les mots | |
2002 | C'est une belle journée | 5 | 11 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | ||
Pardonne-moi | 6 | 7 | 45 | - | - | - | - | - | - | - | - | |||
2005 | Fuck Them All | 2 | 2 | 14 | 22 | 5 | - | - | - | - | - | - | Avant que l'ombre… | |
Q.I. | 7 | 4 | 33 | 81 | - | - | - | - | - | - | - | |||
2006 | Redonne-moi | 7 | 6 | 27 | - | - | - | - | - | - | - | - | ||
L'amour n'est rien… | 7 | 9 | 47 | 4 | - | - | - | - | - | - | - | |||
Peut-être toi | 3 | 12 | 34 | - | - | - | - | - | - | - | - | |||
Slipping Away (Crier la vie) (zesumme mam Moby) |
1 | 1 | 18 | 4 | 14 | 5 | - | - | 63 | - | - | — | ||
Avant que l'ombre… (Live) | 10 | 24 | 54 | - | - | - | - | - | - | - | - | Avant que l'ombre… À Bercy | ||
2007 | Déshabillez-moi (Live) | 10 | 19 | 81 | - | - | - | - | - | - | - | - | ||
2008 | Dégénération | 1 | 1 | 26 | 65 | - | - | - | - | - | - | - | Point de suture | |
Appelle mon numéro | 1 | 7 | 53 | 16 | - | - | - | - | - | 31 | 28 | |||
2009 | Si j'avais au moins… | 1 | 25 | 72 | - | - | - | - | - | - | - | - | ||
C'est dans l'air | 1 | 13 | 44 | - | - | - | - | - | - | - | - | |||
Sextonik | 1 | 25 | 77 | 39 | - | - | - | - | - | 22 | 18 | |||
2010 | Oui mais... Non | 1 | 2 | 52 | 71 | - | - | - | - | - | - | - | Bleu noir | |
2011 | Bleu noir | 1 | 16 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | ||
Lonely Lisa | 1 | 10 | - | 92 | - | - | - | - | - | - | - | |||
Du temps | 4 | 9 | 73 | - | - | - | - | - | - | - | - | 2001-2011 | ||
2012 | À l'ombre | 1 | 2 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | Monkey Me | |
2013 | Je te dis tout | 3 | 28 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | ||
Monkey Me | 3 | 43 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | |||
2015 | Stolen Car Duett mam Sting |
1 | 1 | 55 | 26 | - | - | - | - | - | 44 | - | Interstellaires | |
Insondables | 23 | 22 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | |||
2016 | City of Love | 1 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | ||
C'est pas moi (Promo-Single) |
183 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | |||
2018 | Rolling Stone | 1 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - | Désobéissance | |
N'oublie pas Duett mam LP |
1 | - | - | - | - | - | - | - | - | - | - |
Remark:
• d'franséisch Singlecharts "Top 50" sinn eréischt am November 1984 kreéiert ginn
• de belsche Klassement ass dee vun der franséischsproocheger Belsch
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Mylène Farmer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ↑ chartsinfrance.net: Mylène Farmer: "Interstellaires" passe le cap des 300.000 ventes en France (20. Mäerz 2016)
- ↑ chartsinfrance.net: Mylène Farmer : l'album "Désobéissance" certifié double platine pour 200.000 ventes (24. Dezember 2018)