NGC-70-Grupp

Vu Wikipedia
NGC-70-Grupp
Foto vun der NGC-70-Grupp. opgeholl mat engem 24-Zoll-Teleskop. Norden ass ongeféier am rietsen ënneschten Eck. Déi hell Spiralgalaxie ënner der Bildmëtt ass den NGC 70; lénks drënner läit den NGC 68, lénks iwwer dem NGC 71; direkt lénks vun der Bildmëtt ass den NGC 72 ze fannen.
Stärebild Andromeda (And)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 00h 18,4m
Deklinatioun + 30° 04'
Ausgesinn
Wénkelduerchmiesser ×
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) zirka 300 Mio. Liichtjoer
zirka 100 Mio. Parsec
Routverrécklung zirka 0,02
Radialvitess zirka 7000 km/s
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
Arp 113
Holm 6, SRGb062
VV 166

D'NGC-70-Grupp resp. VV 166, (heiansdo och Arp 113 genannt) ass eng kompakt Galaxiëgrupp am Stärebild Andromeda. D'Grupp ass ongeféier 100 Millioune Parsec vun eis ewech an huet eng gewëssen Änlechkeet mat dem Stephans Quintett.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Zu den hellste Gruppemembere gehéieren d'Spiralgalaxien NGC 70, d'elliptesch Galaxie NGC 71 an d'Balkespiralgalaxie NGC 72, zu de méi liichtschwaache Memberen NGC 69 an PGC 1185. Déi hellst Galaxie am Beräich vun der Grupp, ass d'elliptesch Galaxie NGC 68, déi warscheinlech awer kee Member vun der Grupp ass.

NGC-70-Grupp
Bezeechnung α
J2000.0
δ
J2000.0
Morphologeschen Typ mV Wénkelausdehnung Katalogbezeechnungen
PGC 138159 00h 18m 12,2s +30° 03’ 20” Historesch observéierten Objet, deen d'Bezeechnung NGC 67 krut
PGC 1185 18|14,9 03|46 E5 14,8 0′,4 × 0′,3 PGC 138160
a ville Kataloge mat NGC 67 identifizéiert
NGC 69 18|20,5 02|24 S0 14,8 0′,3 × 0′,3 PGC 1191, CGCG 499-105, MCG +5-1-66
NGC 70 18|22,6 04|46 Sc 13,4 2′,1 × 1′,7 IC 1539, UGC 174, PGC 1194, CGCG 499-108, MCG +5-1-67
NGC 71 18|23,6 03|47 E1 13,3 1′,7 × 1′,3 UGC 173, PGC 1197, CGCG 499-107, MCG +5-1-68
NGC 72 18|28,4 02|26 SBa 13,8 1′,4 × 1′,1 UGC 176, PGC 1204, CGCG 499-109, MCG +5-1-69
NGC 72A 18|34,3 02|11 E 14,7 0′,3 × 0′,3 PGC 1208, CGCG 499-110, MCG +5-1-70
Méiglecherweis kee Member
NGC 68 18|18,5 04|17 E1 13,2 1′,3 × 1′,3 UGC 170, PGC 1187, CGCG 499-106, MCG +5-1-65, IRAS 00157+2947

Observatiousgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Observatioun vun de Galaxien datéiert op den 11. September 1784 a ass vum Wilhelm Herschel, deen dobäi warscheinlech d'Mëschliicht vun ettlechen Objeten op dësem Himmelsberäich gesinn hat. De 7. Oktober 1855 observéiert de William Parsons d'Galaxien an notéiert siwen Niwwelen. D'Objete goufe spéider vum Dreyer als NGC 67 bis NGC 72 souwéi als NGC 74 a sengem New General Catalogue opgeholl. D'Notiz NGC 67 gouf a moderne Kataloge mat der baussenzeger südwestlecher Galaxie (PGC 1185) identifizéiert. Unhand vum Parsons sengen Observatiounsskizze gouf spéider festgestellt, datt datt hien net dës Galaxie gekuckt hat, mä déi eppes manner hell Galaxie PGC 138159 (geleeëntlech als NGC 67A bezeechent) op hallwer Streck zu NGC 68, wärend PGC 1185 als Stär gezeechent ass.

Den Erik Holmberg hat déi kompakt Galaxiengrupp a senger Dissertatioun vun 1937 beschriwwen. Am Arp sengem Katalog vun 1966 ass si fotografesch festgehalen an dréit d'Nummer 113.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • John Kormendy, Wallace L. W. Sargent: Tidal effects as criteria for membership in small groups of galaxies: application to VV 166, in: Astrophysical Journal, 193, S. 19–25 (Oktober 1974)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]