NGC 2023

Vu Wikipedia
NGC 2023
Den NGC 2023 (blozeg, lénks iwwer der Bildmëtt) an der Géigend vum Päerdskappniwwel (donkel virum orangen Hannergrond, riets ënnert der Mëtt) am Bild vun der Digitized Sky Survey 2.
Stärebild Orion (Ori)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 05h 41m 37,9s
Deklinatioun − 02° 15' 52"
Ausgesinn
Wénkelduerchmiesser 10′ × 10′
Geschicht
Entdecker Antiquitéit
Entdeckungsdatum 6. Januar 1785
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
23
IRAS 05391-0217
NGC 2023

De Reflexiouns- an Emissiounsniwwel NGC 2023 läit am Stärebild Orion. Den Niwwel ass ronn 1.500 Liichtjoer vun eis ewech an huet eng Gréisst vu 4 Liichtjoer.

Vun der Äerd aus gesinn ass et eng vun den hellste Quelle mat ugereegtem molekulare Waasserstoff a wéinst senger Gréisst a well en net wäit ewech ass och dee mat der gréisster visueller Ausdeenung. Den Niwwel gëtt vun engem B-Stär (HD 37903), dem hellste Member vum jonke Stärekoup zum Liichten ugereegt. Den Niwwel selwer ass en Deel vun der vill méi grousser Molekülwollek Barnard 33 respektiv Lynds 1630, déi och de Päerdskappniwwel bilt deen an där Géigend läit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]