NGC 2346
Ausgesinn
| Date vum NGC 2346 | |
|---|---|
| Stärebild | Monoceros (Mon) |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 7h 9m 23,01s |
| Deklinatioun | -0° 48' 32,9" |
| Ausgesinn | |
| Niwweltyp | Planetareschen Niwwel |
| Visuell Magnitude | +11,6 m |
| Wénkelduerchmiesser | 0,87' × 0,87' |
| Physikalesch Daten | |
| Gehéiert zu der | Mëllechstrooss |
| Distanz | 2000 Liichtjoer |
| Absolutten Duerchmiesser | 1 Liichtjoer |
| Katalognimm | |
| NGC 2346, PK 215+3.1 | |
Den NGC 2346, och wéi verschidden anerer wéinst dem Ausgesinn Päiperleksniwwel genannt, ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Monoceros, deen 2.000 Liichtjoer vun der Äerd ewech ass. Den NGC 2346 gehéiert zum Duebelstäresystem HD 293373. Déi zwéi Stären ëmkreese sech all 16 Deeg.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]De planetareschen Niwwel NGC 2346 gouf de 5. Mäerz 1790 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.
