Naturgaart

Vu Wikipedia

En Naturgaart ass e Gaart, deen nieft senger estheetescher Funktioun naturno ugeluecht ass mat méiglechst heemesche Planzen, respektiv mat souer, déi der Déierewelt e Liewensraum bidden. Den Trend zum Naturgaart dee licht an der Rei ze halen ass, deen zousätzlech nach Käschte spuert, ass an den 1980er Joren opkomm. Allerdéngs ass eng Wiss déi net geméit ass oder wëll wiisst nach keen Naturgaart.

Fir vill Aarten an engem naturnoe Gaart ze hunn, soll en Naturgaart no Méiglechkeet verschidde Liewensraim, wéi zum Beispill eng Blummewiss, wëll Heckentraisch oder en Naturweier bidden. Eng besonnesch aarteräich Flora entwéckelt sech op dréchnen, nierstoffaarme Biedem. Duerch eng Iwwerdüngung sinn allerdéngs séier Planze wéi d'Pissblumm oder d'Brennnessel am Virdeel.

Am Naturgaart hunn Onkrautgëfter, cheemesch Düngemëttel a Schleekegëfter näischt verluer. Par Konter gehéieren e Kompostkoup, e Reefaass, Verstoppméiglechkeete fir Buedemdéieren, Naschtkëschte fir Vullen oder wëll Beien, e Koup mat doudegem Holz fir kleng Liewewiesen, eng Dréchemauer oder en Naturweier dozou. Dacks ginn och d'Diech oder d'Fassade vum Haus begréngt. Versigelt Fläche ginn am naturnoe Gaart méiglechst kleng gehalen, fir d'Waasserduerchlässegkeet z'erhalen. En Naturgaart ka sou e klenge Bäitrag zum Ëmwelt- an Naturschutz leeschten.

En Naturgaart ass eigentlech och automatesch e kannerfrëndleche Gaart, an deem si nach e Stéck Natur hautno erliewe kënnen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Naturgaart – Biller, Videoen oder Audiodateien