Naval Research Laboratory

Vu Wikipedia
United States Naval Research Laboratory
— NRL —
Logo vum NRL
Kategorie Militäresch Fuerschungsariichtung
Patron United States Navy
Opsiicht Office of Naval Research
Haaptsëtz Washington, D.C.
Aart vu Fuerschung Verteedegungsfuerschung
Mataarbechter iwwer 2500[1]
Leedung Commanding Officer Captain Paul Courtney Stewart[2]
Homepage www.nrl.navy.mil
Grënnung 2. Juli 1923[3]

Den US Naval Research Laboratory (NRL) ass de kollektive Fuerschungslaboratoire fir d'United States Navy a fir de United States Marine Corps. E bedreift e breede Programm vu wëssenschaftlecher Fuerschung an Entwécklung. Den NRL besteet zënter 1923 a gouf op e Virschlag vum Thomas Alva Edison als Departement ënner dem Office of Naval Research gegrënnt (The Government should maintain a great research laboratory. ... In this could be developed ... all the technique of military and naval progression without any vast expense.).

D'Errongeschafte vum NRL iwwerdecken e wäit Gebitt. Et geet iwwer d'Entwécklung vum Röntgen mat Gammastralen bis zum Large Angle and Spectrometric Coronagraph Experiment (LASCO) an dem Dragon Eye (e Fligersensorsystem). De Laboratoire hat 1939 en nukleart U-boot geplangt an huet an de spéidere 1950er Joren en iwwerhorizontaalt Radarsystem entwéckelt. Kierzlech goufen och d'Detailer iwwer de Graf I, ee vun den éischten Opklärungssatellitte fräiginn.

Zwéi Mataarbechter vum NRL, den Herbert A. Hauptman an de Jerome Karle, goufen 1985 fir hir Aarbecht an der molekularer Strukturanalys mam Nobelpräis fir Chimie ausgezeechent.

Vill vun de Laboratoiresprojete ginn no enger gewësser Zäit ëffentlech gebraucht, ouni datt vun der Ofstamung Notiz geholl gëtt. E Beispill ass dat sougenannt Onion Routing.

E puer vun den aktuellen Aarbechtsgebidder schléisse Plasmaphysik, Materialwëssenschaften an elektronesch Krichsféierung mat an.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Naval Research Laboratory – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en) www.nrl.navy.mil About NRL. Gekuckt de 17. Juli 2010.
  2. (en) www.nrl.navy.mil Commanding Officer. Gekuckt de 6. Juni 2010.
  3. (en) www.nrl.navy.mil History. Gekuckt de 5. Juni 2010.