Nederlandstalige Jeugdbibliotheek Luxemburg

Vu Wikipedia

D'Nederlandstalige Jeugdbibliotheek Luxemburg ("hollänneschsproocheg Jugend-Bibliothéik"; NJL) ass eng Bibliothéik zu Lëtzebuerg, déi sech op Bicher fir Kanner a jonk Leit an hollännescher Sprooch spezialiséiert huet.

Si gouf den 11. Juli 1978 als Asbl gegrënnt. 60 Famillen, mat ronn 120 Kanner si Member. Ronn 5000 Bicher kënnen ausgeléint ginn. Eng 85 % dovu si Bicher, déi fir Kanner geschriwwe sinn, de Rescht fir Jugendlecher.

D'NJL, déi an der Stater Vaubansgaass ze fannen ass, ass ofwiesselnd dënschdes oder donneschdes nomëttes, an och all zweete Samschdeg iwwer d'Mëttegstonn fir hir Memberen op.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]