Op den Inhalt sprangen

Nicolas Jacques Pelletier

Vu Wikipedia
Nicolas Jacques Pelletier
Gebuer 18. Joerhonnert
Kinnekräich Frankräich
Gestuerwen 25. Abrëll 1792
Paräis
Doudesursaach Käppen
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Kriminellen

Den Nicolas-Jacques Pelletier, gestuerwen de 25. Abrëll 1792, war e franséische Bandit. De Pelletier ass deen éischte Mënsch deen a Frankräich op der Guillotine higeriicht gouf.

Hie gouf mëttes um hallwer véier vum Schaarfriichter Charles Henri Sanson op der Paräisser Place de Grève higeriicht. De Pelletier hat sech als Déif a Mäerder stroofbar gemaach.