Nicolas de Baugy

Vu Wikipedia
Nicolas de Baugy
Gestuerwen 21. Juli 1641
Aktivitéit Diplomat

Den Nicolas de Baugy († 21. Juli 1641), Jong vum André de Baugy, ordinäre Kontroller vun de Kricher, an der Michelle Fortin, war e franséischen Diplomat an ee vun den treisten Agente vum Richelieu.

De 7. Mäerz 1602 krut hien d'Charge vum maître d'hôtel. De selwechten Dag krut hien och e Pass fir de franséische Kinnek beim däitsche Keeser ze representéieren. Mä scho virun där Zäit hat hien d'Funktioun vun engem Résident beim Keeser. Nom Doud vum Keeser Rudolf II. huet hie beim Reichstag zu Frankfurt intrigéiert, fir datt den Äerzherzog Matthias I., deemools scho Kinnek vu Béimen an Ungarn, op den däitsche Keesertroun sollt gewielt ginn, wat dunn och den 3. Juni 1612 geschitt ass.

Nom Doud vum Matthias I. am Joer 1617 gouf de Baugy bei den Äerzherzog Ferdinand II. geschéckt. De 5. Mee huet hien op Paräis d'Texter vum Verzicht vum spuenesche Kinnek op d'béimesch an d'ungaresch Kroun geschéckt, an 1619 gouf de Ferdinand zum Keeser vum Hellege Réimesche Räich gewielt. Den Nicolas de Baugy ass nach bis 1624 an Däitschland bliwwen. Tëscht 1624 a 1626 war hien am Optrag vum Kinnek Résident a Flandern wou hie vill gereest ass. Ausserdeem hat hie vum Richelieu den Optrag kritt, « de persuader le plus de Flamands possible à émigrer en France » (Bréif vum Richelieu un de Baugy de 25. Dezember 1626).

De 24. Februar 1628 krut hien op en Neits e Pass fir an Däitschland ze goen, mä den 1. August huet de Richelieu hien als Ambassadeur op Den Haag geschéckt.

An de Joren 1630-31 huet d'Affär Orange den Interessi vum Baugy kritt. Wärend sengem Openthalt an Holland war de Baugy a Verhandlunge fir eng franséisch-hollännesch Allianz verwéckelt, an et war och en Traité am Joer 1627 ausgeschafft ginn, deen d'Etats Généraux awer net akzeptéiert haten. Eréischt de 15. Juni 1630 gouf eng Allianz iwwer 7 Joer ënnerschriwwen, géint e Subsid vun enger Millioun Livres. 1632 huet d'ganz Affär nees missen opgerullt ginn, well d'Hollänner midd vum Krich waren, an eventuell de Waffestëllstand vum spuenesche Kinnek unhuele wollten. De 15. Mee 1634 koum et zu engem neien Traité an deem d'Etats Généraux versprach hunn, fir ee Joer kee Waffestëllstand oder Fridde mam spuenesche Kinnek z'ënnerschreiwen. De 17. September huet sech de Baugy zeréckgezunn.

Den 30. Januar 1635 gouf hie Conseiller d'Etat a Conseiller du conseil privé. De Baugy ass bei Joigny den 21. Juli 1641 gestuerwen.