Nidderfrequenz

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Nidderfrequenz (NF) (englesch: audio frequency, AF) ass eng technesch Bezeechnung fir periodesch Virgänge (wéi z. B. Schwéngungen oder Wellen) mat enger Frequenz tëscht 3 Hz an 30 kHz. Fir bestëmmt Schwéngungsaarten ass Nidderfrequenz méi genee definéiert.

  1. De Frequenzberäich vun den héierbare Schallwellen reecht vun 16 bis 20.000 Hz a gëtt och als Tounfrequenz bezeechent.
  2. Am elektromagnéitesche Spektrum reecht Nidderfrequenz vun 3 Hz bis 30 kHz an ass op de Frequenzbänner ELF, SLF, ULF an VLF verdeelt, woubäi dat lescht och Myriameterwelle genannt gëtt.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

HiFi-Lautspriecher decken ee Frequenzberäich vun zirka 30 Hz bis 20.000 Hz of. Déi normal mënschlech Stëmm läit an de Grondtéin tëscht zirka 250 Hz an 1.100 Hz, Gitarremusek reecht vun ongeféier 60 Hz bis 2.000 Hz.

Normfrequenze fir akustesch Miessungen no DIN 45401 oder DIN ISO 266:1997 sinn festgeluechte Frequenzen, bei deenen Miessungen op de Gebidder vun der Akustik an Elektroakustik duerchgefouert solle ginn.

Ofgrenzung[änneren | Quelltext änneren]

  • Téin ënner 16 Hz bezeechent een als Infraschall.
  • Téin uewerhalb vun zirka 20 kHz ginn als Ultraschall bezeechent.
  • Bei elektromagnéitesche Schwingungen a Wellen ginn iwwer 30 kHz leiend Frequenzen allgemeng als Héichfrequenz bezeechent.
  • Den engleschen Ausdrock „low frequency“ (LF) heescht zwar iwwersat „Nidderfrequenz“, gemengt ass awer de Laangwellenberäich (LW) vun 30 kHz bis 300 kHz. Hie bezitt sech also ausschléisslech op e Frequenzband vun den elektromagnétesche Wellen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]