Nidderrhäin-Westfälesche Krees

Vu Wikipedia
Den Niderrhäin-Westfälesche Räichskrees (rout).

Den Nidderrhäin-Westfälesche Räichskrees (am 16. Joerhonnert och nach Nidderlännesch-Westfälesche Räichskrees[1], méi spéit och dacks just Westfälesche Räichskrees) war ee vun den zéng Räichskreesser, an déi ënner dem Keeser Maximilian I. 1500, resp. 1512 d'Hellegt Réimescht Räich agedeelt gi war. 1512 bestoung en aus 55 Kreisständen, deenen hir Vertireder d'Kreistage gebilt hunn.

Déi Versammlunge goufen nëmme seelen zesummegeruff, wann, da meeschtens zu Köln; d'Kreesarchiv war zu Düsseldorf. 1555 gouf den Herzog vu Jülich-Kleve-Berg Kreisoberst, säi reliéise Pendant war de Prënzbëschof vu Münster.

D'Grofen an d'Häre waren zanter 1653 am Nidderrhäin-Westfälesche Räichsgrofekollegium zesummegeschloss.

Wéi 1806 all Territoire lénks vum Rhäin u Frankräich goungen, ass de Krees opgeléist ginn.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Heidrënner sinn d'Membere vum Räichskrees opgezielt, sou, wéi se an der Reichsmatrikel vu 1521 an enger Lëscht vu 1532 ze fanne sinn. Territoiren, déi virum Enn vum Räich aus dem Krees ausgetruede sinn, si kursiv gedréckt.

Geeschtlech Prënzen[änneren | Quelltext änneren]

bis 1792 nei:

Räichsprälaten[änneren | Quelltext änneren]

Weltlech Prënzen[änneren | Quelltext änneren]

bis 1792 nei:

Grofen an Hären[änneren | Quelltext änneren]

bis 1792 nei:

Stied[änneren | Quelltext änneren]

Räichsstied:

Keng Räichsstänn:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Winfried Dotzauer: Die deutschen Reichskreise (1383-1806). Franz Steiner Verlag, Stuttgart 1998, ISBN 3-515-07146-6
  • Neue Europäische Staats- und Reisegeographie worinnen die Lande des Westphälischen Kreises ausführlich vorgestellet werden ... (= 8. Band des Gesamtwerkes), Dresden / Leipzig (ohne Jahr, 1757)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wikisource: Drock vu 1532 vun engem Regester vun de Räichskreesser an den Territoiren, déi dozou gehéiert hunn, an deem och d'Truppen notéiert sinn, déi fir dTuerkekricher ze schécke sinn. – Quellentexter

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Winfried Dotzauer: Die deutschen Reichskreise (1383-1806). Franz Steiner Verlag Stuttgart 1998. ISBN=3-515-07146-6.