Op den Inhalt sprangen

Nieweschilddrüs

Vu Wikipedia
D'Nieweschilddrüse (rout) an hir Lag am mënschleche Kierper. Den Tüb ënnen ass den Oesophage.

D'Nieweschilddrüsen (lat. glandulae parathyroideae) si kleng endokrinn Drüsen am Hals vun de Landwierbeldéieren.

De Mënsch huet an der Reegel véier Nieweschilddrüsen, déi op der Récksäit vun der Schilddrüs op ënnerschiddleche Plaze leien. Si sinn am Normalzoustand ongeféier esou grouss wéi eng Ierbes.[1] Si produzéieren a sënneren als Reaktioun op en niddrege Kalziumspiggel am Blutt en Hormon (d'Parathormon) of, dat eng wichteg Roll an der Regulatioun vum Kalziumspiggel am Blutt an an de Schanke spillt.

Eng Entzündung vun der Nieweschilddrüs gëtt Parathyreoiditis genannt.[2]

Commons: Nieweschilddrüsen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. klinikum.uni-heidelberg.de: Nebenschilddrüse
  2. DocCheck Flexikon: Nebenschilddrüse