Niharica Raizada

Vu Wikipedia
Niharica Raizada
Gebuer 18. Abrëll 1990
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun New York Film Academy
Aktivitéit Filmschauspiller

D'Niharica Raizada, gebuer den 18. Abrëll 1990[1] zu Lëtzebuerg[2], ass eng indesch-lëtzebuergesch Schauspillerin. Si gouf 2010 als "Miss India UK" gekréint a war Zweetplacéiert bei "Miss India Worldwide" 2010. Si ass d'Enkelin vum fréiere Bollywood Museker O.P. Nayyar. Si huet a Filmer matgespillt wéi IB71, Masaan, 6-5=2, Damadol, Total Dhamaal (2018) a Sooryavanshi (2021).

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Niharica ass d'Enkelin vum indesche Musekskomponist O.P. Nayyar. Si huet indesch-franséisch Elteren an ass zu Lëtzebuerg opgewuess. Si schwätzt Franséisch, Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch, Spuenesch an Hindi. Si huet eng Schwëster Nirekhna Raizada an e Brudder Avneesh Raizada.

Si ass medezinesch Wëssenschaftlerin an huet e "Master of Research" an Translationalmedezin um Imperial College London gemaach an huet duerno mat engem "Fulbright Stipendium" Fuerschung an der Kardiologie op der Johns Hopkins University zu Baltimore gemaach.

Si huet d'Schauspillerei op der New York Film Academy geléiert an huet och indesch, klassesch Musek a Ballet studéiert. D'Niharica gouf 2010 als "Miss India UK" gekréint a war 2010 och Zweetplacéiert bei "Miss India Worldwide". D'Niharica huet e Lidd op franséisch fir déi indesch Kosmetikfirma "Chambor" erausbruecht. Si war op der 45. Plaz an der India-Times-Lëscht vun de "50 Most Desirable Women" vun 2013 a koum 2015 op d'Plaz 44.

D'Niharica hat hire Filmdebut am Bengalesche Film "Damadol" am Joer 2013 an huet 2016 am Gujarati Film Var to NRI J matgespillt. Si huet 2016 zesumme mam Krushna Abhishek de Film Full 2 Jugaadu gemaach.

Si ass d'Éiere-Kultur- a Konschtambassadrice tëscht Lëtzebuerg an der Republik Indien.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Joer Film Roll Notizen
2013 Damadol Dänzer Bengalesche Film
2014 6-5=2 Priya
2015 Masaan Reesend Meedchen
Alone Anu
Baby Reporter
Ek Kali Kuerzfilm[3]
2016 Waarrior Savitri Savitri
Var zu NRI J Tejasvini Gujarati Film
2017 Dwaraka Telugu Film; Besonneschen Optrëtt beim Lidd "Allabi Allabi"[4]
2019 The Perfect Murder Carol Kuerzfilm[5] [6]
Total Dhamaal Dramfra
2021 Sooryavanshi Inspekter Tara Manchandani
Himbeeren mit Senf Jonk bestuete Fra däitsche Film
2023 IB71 Stewardess
Joer Web Serie Roll Sprooch Notizen
2019 Asli Mard Mia Gupta Hindi
2021 Coyotes Franséisch

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "NIHARICA RAIZADA". Association des actrices et des acteurs du Luxembourg. Archived from the original on 8 February 2022. Retrieved 8 February 2022.
  2. "Morgens Bollywood, nachmittags Forschung" vum Sophie Schülke am Luxemburger Wort vum 21. Dezember 2018
  3. (en)Ek Kali - Short Film (HD) | Feat : Niharica Raizada, Hemant Somaiya, Aayan Shinde | YouTube. Gekuckt de(n) 10 February 2022.
  4. "Allabi Allabi|Niharica Raizada" YouTube
  5. Quest Mercury, The Perfect Murder - Crime Drama Short Film | YouTube (29 January 2019). Gekuckt de(n) 1 March 2019.
  6. TellyTalkIndia, The Perfect Murder short film screening | Hiba Nawab, Rohan Gandotra, Niharica Raizada & more (28 January 2019). Gekuckt de(n) 1 March 2019.