Nikloskapell zu Héischdref

Vu Wikipedia
Kapell vun Héischdref
Kapell zu Héischdref (2014)

Kapell zu Héischdref (2014)
Kapell zu Héischdref (2014)
Uertschaft / Plaz Héischdref
Par Par Dikrich
Le Bon Pasteur
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hellegen Niklos
Koordinaten 49° 52’ 58.6’’ N
      06° 15’ 27.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Nikloskapell zu Héischdref ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Reisduerf gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kapell steet zu Héischdref nieft dem Kierfecht.

Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Zur fréierer Par Reisduerf gehéieren ausse der Kapell vun Héischdref och nach d'Parkierch vu Reisduerf, d'Antoniuskapell vu Reisduerf an d'Filialkierch vu Bigelbaach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nikloskapell zu Héischdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).