Nirwana

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Nirwana am Buddismus. Fir aner Bedeitunge vun Nirwana oder Nirvana, kuckt wgl. Nirvana.

Nirwana oder Nirvana (Sanskrit निर्वाण, Erläschen, Erfaassen, Verwehen) bezeechent am Buddhismus den Austrëtt aus dem Kreeslaf vum Liewen, aus der Reinkarnatioun, also aus dem Samsara. Et ass d'Enn vun alle falsche Virstellunge vun der Existenz.

Virstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Manktem un engem bessere Wuert ass "Nirwana" am westeuropäesche Sproochraum dacks als "Näischt" iwwersat ginn. Dat huet allerdéngs zu verschiddene Feelinterpretatioune vum eigentleche Begrëff gefouert, ënner anerem zu der Suppositioun, datt de Buddhismus eng nihilistesch Philosophie wier.

Heiansdo iwwerfuerdert d'Konzept vum Nirwana och d'Virstellungskraaft vun engem Geescht, deen a Meditatioun ongeübt, op weltlech Bedierfnesser fixéiert a mat Virstellunge vum Paradäisgaart Eden gefiddert ass.

Den Nirwana ass keng Plaz wéi Eden, et ass och keng aner Dimensioun, kee "Jenseits". Et ass éischter en Zoustand, an deem Virstellungen, Wënsch a Bedierfnesser gestëllt wéi och iwwerwonne sinn. Den absolutten an iwwerweltlechen Nirwana steet am Géigesaz zum relativen a weltleche Samsara.