Samsara

Vu Wikipedia

Samsara ("bestännegt Wanderen") ass de Begrëff fir den Zyklus vu Reinkarnatiounen an den indesche Reliounen Hinduismus, Buddhismus a Jainismus.

De Kreeslaf vun ëmmer neie Liewe gëtt an dëse Reliounen als negativ gewäert. D'Zil ass et also fir draus erauszebriechen an dat erreecht ee just, wann ee "Lassloosse" léiert a sech vun alle Wonschvirstellungen trennt. Wann een dat gepackt huet, dann erreecht een den Zoustand vun "Erléisung", deen heescht am Hinduismus Moksha an am Buddhismus Nirwana.