Niwwelphare

Vu Wikipedia
En Niwwelphare vun TELEFLEX vu Paräis op engem Citroën vun 1934

Niwwelpharë sinn Autosluuchten, oder Luuchten op Motorieder, déi bei Niwwel ugemaach gi fir d'Strooss besser ze gesinn.

D'Niwwelpharen, déi hautdesdaags meeschtens am Luuchtesystem vun den Autoen a Camionen integréiert sinn, goufe fréier separat montéiert. Am Ufank gouf dacks nëmmen een Niwwelphare an der Mëtt vun der viischter Front montéiert.

Den Niwwelpharen hir Optik ass drop ausgeluecht datt hir Liicht an engem bestëmmte Wénkel zu der Siichtlinn vum Chauffer ausgestraalt gëtt, fir sou d'Liichtreflektioun déi duerch déi kleng Waasserdrëpsen entsteet op e Minimum ze reduzéieren. Dëse Wénkel muss grouss sinn well dann d'Reflektioun am klengsten ass.

De Code de la Route reglementéiert de Gebrauch vun Niwwelpharen a Breetstraler.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Autosluuchten – Biller, Videoen oder Audiodateien