Noen Infrarout

Vu Wikipedia

Als noen Infrarout (NIR) gëtt de Beräich vum elektromagnéitesche Spektrum genannt, dee sech a Richtung vu méi grousse Wellelängten un dat visuellt Liicht uschléisst. De Beräich vum Infraroutliicht streckt sech vu 780 nm bis 3 µm an ëmfaasst sou d'Spektralberäicher IR-A an IR-B.

Feststellen op Distanz[änneren | Quelltext änneren]

Spektralmiessung vu vitaler Vegetatioun. D'Reflektivitéit gëtt duerch d'Chlorophyllaktivitéit am Spektralberäich vun zirka 690 nm un, däitlech méi grouss.

Beim Feststellen op Distanz déngt dat not Infrarout ënner anerem bei der Analys vu Loft- a Satellittebiller fir d'Beuerteelung vun der Vitalitéit vun der Vegetatioun. Am noen Infrarout huet Chlorophyll eng däitlech, ongeféier 6-mol, méi héich Reflektivitéit wéi am visuelle (besonnesch grénge) Spektrum. Dësen Effet fir d'Erkenne vu Vegetatioun benotzt. Dobäi gëtt e Bild am visuellen (haaptsächlech am roude) Spektrum an am noen Infrarout gemaach. Notzobjeten hu souwuel am visuelle wéi och am noen Infraroutberäich eng änlech Reflektivitéit, wärend chlorophyllhalteg Vegetatioun am noen Infrarout en däitlech méi héije Reflexiounsgrad huet. Sou kënnen z. B. och gréng Notzobjete vun der grénger Vegetatioun ënnerscheet ginn.

Signaliwwerdroung[änneren | Quelltext änneren]

Technesch gëtt dee Beräich an optesche Glasfasere benotzt fir Signaler z'iwwerdroen. En gëtt dofir an en ettlech Frequenzbänner ënnerdeelt.

Bezeechnung Wellelängteberäich Alternativ Bezeechnung Bemierkungen
O-Band 1260–1360 nm original Ufänglech Dateniwwerdroung bei minimaler Dispersioun vun der Gruppevitesse
E-Band 1360–1460 nm extended
S-Band 1460–1530 nm short
C-Band 1530–1565 nm central Déi klengst Dämpfung an enger Glasfaser
L-Band 1565–1625 nm long
U-Band 1625–1675 nm ultra-long

Medezin[änneren | Quelltext änneren]

Medezinesch gëtt de Beräich vun ongeféier 700 bis 1100 nm wéinst der Transparenz vum opteschen Apparat an der Aentherapie (Ophthalmologie) souwéi bei der Diagnos (zum Beispill: Optesch Kohärenztomografie) wéi och bei der Chirurgie (zum Beispill: Uschweesse vun der Netzhaut) benotzt. Jee no Wellelängt ënnerscheet sech dobäi och d'Afléissdéift vun der Stralung.

Chimie an Astronomie[änneren | Quelltext änneren]

An der Chimie an an der Astronomie ka mat Hëllef vun der Infraroutspektroskopie (Absorptiounsbänner) d'Existenz vu Moleküllen respektiv funktionelle Gruppen nogewise ginn, beispillsweis Azeton a Waasser respektiv CH- an OH-Gruppen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Donald A. Burns: Handbook of near-infrared analysis. CRC Press Boca Raton 2008, ISBN 978-0-8493-7393-0.
  • Ramesh Raghavachari: Near-infrared applications in biotechnology. Dekker, New York 2001, ISBN 0-8247-0009-0.
  • John T. Houghton: Infra-red physics. Clarendon Press, Oxford 1966
  • Martin Giard: Infrared and submillimeter space astronomy. EDP Sciences, Les Ulis 2002, ISBN 2-86883-612-7.

Referenzen[Quelltext änneren]