Nolëns

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Eng HOYA-Nolëns mat engem 62mm-Filtergewënn an enger Stäerkt vun 3 Dioptrien

Eng Nolëns ass eng geformt eenzel gliese Lëns an enger metalle Rumm, déi an d'Filtergewënn vun engem Fotoobjektiv geschrauft gëtt, fir d'Brennwäit vum Objektiv ze kierzen.

Et ass déi einfachst an déi bëllegst Léisung fir Makrofotografie ze praktizéieren, ouni op e Makroobjektiv oder en Tëscherank zréckzegräifen.

Nodeeler[änneren | Quelltext änneren]

Well Nolënsen net flaach si verännere se de Stralegank vum Liicht, ier et an d'Objektiv kënnt. Normal Objektiver sinn awer dofir net berechent a sou geet, besonnesch op dem Bord Schäerft verluer.
Fir Chromatesch Streeungen ze verhënneren ass ugeroden, eng Nolëns mat enger Achromat-Lëns ze benotzen.

Verschidde Stäerkten[änneren | Quelltext änneren]

Am Handel sinn Nolënse mat verschidde Stäerkten, déi an Dioptrien ausgedréckt ginn.