Op den Inhalt sprangen

Noordpeene

Vu Wikipedia
Noordpeene
Land Frankräich
Regioun Hauts-de-France
Departement Nord
Arrondissement Dunkerque
Kanton Wormhout
Postcode 59670
Gemengecode 59436
Koordinaten 50° 48’ 25’’ N
      02° 23’ 55’’ O
Fläch  1 712 ha
Bevëlkerung  674 (1999)

Noordpeene ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Nord an der franséischer Regioun Nord-Pas-de-Calais.

D'Duerf dat am Westhoek vun de franséische Flandern läit, ass als eent vun de schéinsten Dierfer a Frankräich klasséiert.

Geschichtlech ass vun Noordpeene net vill Besonnesches ze soen, ausser datt bekannt ass datt do am Joer 1677 an der Schluecht vu Peene dem Wëllem vun Oranien seng Truppen duerch e Joerhonnerthéichwaasser vun der Peene gestoppt goufen, an d'franséisch Truppen ënner dem Kommando vum Philippe vun Orléans d'Hollänner an d'Zang geholl hunn.

Wéi säin Numm et seet, läit Duerf nërdlech vun der Peene, déi ganz Géigend ass flaach wéi en Dill, mat ville Suppen, an et gëtt just eng Kopp an der Géigend, d'Colline de Tom, déi mat hire 55 Meter Héicht aus der Landschaft erausluusst. D'Biedem an der Géigend si leemeg an de Widderbock e schéine gesträifte Kiewerleck ass heefeg an der Géigend.

Noordpeene ass e Stroossenduerf. Dat ganzt Duerf läit laanscht eng Strooss op enger Längt vu 500 Meter, tëscht der Kierch op dem engen Enn, an dem Schlass op deem aneren.

D'Strooss ass zimmlech breet, wat mat sech bréngt datt d'Duerfleit Place dofir soen. Dat kënnt och nach dohier, well et guer keng aner Plaz am Duerf gëtt.

De Kierfecht läit direkt nieft der Kierch, an ass ronderëm ganz mat Beem zougewuess. D'Spëtz vum Kierchtuerm fält engem direkt op well se mat hiren Ornamenter guer net bei den ënneschten Deel passt, deen aus rouden Zille gebaut ass.

De Parc vum Château de la Tour läit op der lénkser Säit vun der Strooss a Richtung Kierch, an d'Schlass selwer mat sengen zwéin Tierm ass am Renaissancestil gebaut. D'Originne vum Schlass ginn an d'Joer 1492 zeréck, en Datum deen um Wunnhaus trotz villen Emännerungen erhale blouf.

D'Haiser laanscht d'Strooss sinn all relativ niddreg, mat spatzen Diech, déi mat Zille gedeckt sinn. Mansardéiert Diech sinn net rar. Wat opfält sinn nach déi vill Ornamenter an den Hausdieren, besonnesch an den Iwwerliichten, déi dacks drop hiweise wat fir ee Beruff de Bauhär hat. Sou fënnt een z. B. eng Dier, bei där an der Iwwerliicht eng Urn mat zwéi Béi donieft ass, wat drop hiweist datt de Proprietär e Bouschëtz war. D'Handwierker hunn dacks bei der Dekoratioun vun den Ënnerzich hirer Fantasie fräie Laf gelooss. So fënnt een Hexebiesemen, Liewensbeem, a vill aner magesch Zeechen.

Am Duerf selwer geet et roueg hier. Owes begéine sech d'Leit an der Wiertschaft. Et geet op Flämesch hier, an e beléifte Sujet bei Jonk an Al sinn d'Geschichte vum Tisje Tasje, mat sengem richtegen Numm Jean-Baptiste Vangrevelinghe, dee vu Buysscheure war, an deen am 19. Joerhonnert do Geschicht gemaach huet.

Commons: Noordpeene – Biller, Videoen oder Audiodateien