Nordic-Walking-Park
Ausgesinn
En Nordic-Walking-Park bezeechent en Ensembel vu Wanderweeër an enger Regioun, déi fir d'Praktizéiere vum Wandersport Nordic Walking markéiert goufen a gemeinsam vermaart ginn.
Nordic-Walking-Parken zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Am Kader vun der Gemeinschaftsinitiativ LEADER+ goufen zu Lëtzebuerg 5 Nordic-Walking-Parke mat am Ganzen 152,3 km Wanderweeër vu follgende Partner ageriicht:
- Landwirtschaftsministère
- Tourismusministère
- LEADER-Gemengen
- Naturparken Our an Uewersauer
- Tourismusverbänn (Touristesch Ententen)
Nr. | Numm | Weeër | Strecken km | Σ km |
---|---|---|---|---|
1 | Nordic-Walking-Park Uewersauer | 3 | 3.9 + 7 + 12.4 | 23.3 |
2 | Nordic-Walking-Park Klierfdall | 3 | 4.2 + 8.7 + 11.6 | 24.5 |
3 | Nordic-Walking-Park Ourdall | 5 | 5.8 + 8.8 + 21.1 + 6.5 + 9.9 | 52.1 |
4 | Nordic-Walking-Park Mëllerdall | 3 | 6.7 + 10.2 + 11 | 18.9 |
5 | Nordic-Walking-Park Miselerland | 4 | 4.1 + 5.7 + 9.7 + 14 | 33.5 |
Kilometer am Ganzen | 152.3 |