North by Northwest
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA |
Produktiounsjoer | 1959 |
Première | 17. Juli 1959 |
Dauer | 136 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Alfred Hitchcock |
Dréibuch | Ernest Lehman |
Fotografie | Robert Burks |
Musek | Bernard Herrmann |
Produzent |
Herbert Coleman, Alfred Hitchcock, fir Metro-Goldwyn-Meyer |
Produktiouns- gesellschaft | Metro-Goldwyn-Mayer |
Schauspiller | |
Cary Grant als Roger O. Thornhill Eva Marie Saint als Eve Kendall James Mason als Philip Vandamm Jessie Royce Landis als Clara Thornhill Leo G. Carroll als Professer Martin Landau als Leonard Edward Platt als Affekot | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
North by Northwest ass en US-amerikanesche Spillfilm, deen 1959 vum Alfred Hitchcock no engem Dréibuch vum Ernest Lehman gedréint gouf. Et ass dëst ee vun de populäerste Filmer vum Hitchcock.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Den New Yorker Publicitéits-Spezialist Roger Thornhill gëtt an engem Restaurant um Wee bei den Telefon vun arméierte Gangster entfouert, déi e fir e gewëssen George Kaplan halen. Si féieren en an eng Villa, wou se n e mat Alkohol voll maachen an dann an den Auto setzen a probéieren, e veronglécken ze loossen. Den Thornhill kënnt dovun, andeems e sech der Police stellt, kann awer net beweise wat geschitt ass, well wéi en d'Police bei d'Haus féiert, ass vun deene Béise keen ze gesinn, an et stellt sech eraus, datt de Proprietär en héije Beamte bei der UNO ass. Wéi den Thornhill sech mat him ënnerhale wëll, fir ze verstoen, wat dat mat deem Kaplan op sech huet, gëtt dësen hannerrécks erstach, an den Thornhill muss sech elo net nëmme virun Onbekannte verstoppen, déi en ëmbrénge wëllen, mä och virun der Police, déi en als presuméierte Mäerder sicht, a gläichzäiteg erausfannen, wien a wou dee Kaplan ass, deen de Grond vun där ganzer Verwiesselung ass.
En Indiz féiert en op Chicago, wou en am Zuch fir dohin déi mysteriéis an attaktiv Eve Kendall kenneléiert...
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Dem Hitchcock säi Cameo-Optrëtt ass direkt no den Titele vum Virspan, wou em eng Dier vun engem Bus virun der Nues zougejummt gëtt.
Zeenen, déi an d'Filmgeschicht agaange sinn, sinn ë. a. de Rendez-vous op oppener Gewan, matzen an de Maisfelder, wou den Held op eemol vun engem Pestizide-Fliger attackéiert gëtt, an d'Schlusszeen bei de Presidente-Käpp um Mount Rushmore.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: North by Northwest (1959 film) – Biller, Videoen oder Audiodateien |