NWA 7034

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Northwest Africa 7034)
En Uschnëtt vum Meteorit weist seng porphyroklastesch Struktur, déi enger Basaltbrekzie gläicht.

Den NWA 7034 ass e planetare Steemeteorit, dee mat grousser Warscheinlechkeet vum Planéit Mars staamt. Et ass den zweeteeltste bekannte Marsmeteorit. Hien huet den héchste Waassergehalt vun alle Marsmeteoritten an ass den éischte Meteorit vun enger neier Marsmeteorittegrupp déi "Marsmeteorit (Basaltesch Brekzie)" genannt gëtt.[1]

Fonntplaz an Numm[änneren | Quelltext änneren]

De Meteorit gouf an der Sahara fonnt, eng genee Plaz ze soen ass awer net méiglech. 2011 gouf de Meteorit vun engem Geschäftsmann a Marokko kaf. Duerno krut e Sammler vun der Universitéit New Mexico de Steen. Wéi fir all Meteoritten, wou déi genee Fonntplaz net bekannt ass, besteet den Numm aus der geographescher Regioun (Nordwestafrika) an enger fortlafender Nummer. Säi Spëtznumm ass Black Beauty.[2]

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den NWA 7034 ass vum Meteorittentyp hier en Achondrit. Et ass eng vulkanesch Brekzie mat enger porphyroklastescher Struktur. Déi gréisst Klaste bestinn aus Pyroxen (Pigeonit an Augit) an Plagioklas (Andesin) a kënne bis 5 mm Duerchmiesser erreechen. Donieft trieden och Chlorapatit, Chromit, Illmenit, Magnetit, Alkalifeldspat a Pyrit op. Et gëtt och Klasten aus haarde Glasuren. D'Grondmass besteet aus rengkäregem Plagioklas, Pyroxen, verschiddenen Oxiden a Spuere vun Eisesulfiden.

Den héije Waasserundeel kéint en Hinwäis drop sinn, datt déi fréi Ozeane vum Mars nach existéiert hunn wéi d'Gestengs vum Meteorit geformt gouf.[2]

Klassifikatioun[änneren | Quelltext änneren]

Wier de Meteorit en terrestrescht Gestengs, géif hien als Basaltbrekzie klassifizéiert ginn. Datt de Meteorit vum Mars staamt, war virun allem duerch dat passend Eisen/Mangan-Verhältnes ersiichtlech, hien huet awer a keng vun deenen dräi Gruppe vun de SNC-Meteoritten (Shergotite, Nakhlite a Chassignite) gepasst an och net bei ALH 84001. Hie gouf dofir bis Januar 2013 als ongruppéierte planetaren Achondrit klassifizéiert, bis d'"Meteoritical Society" d'Gruppéierung als "Marsmeteorit (Basaltesch Brekzie)" akzeptéiert huet.

D'Eisen/Mangan-Verhältnes ass en Hinwäis fir eng Bezéiung zum Planéit Mars. Géint dës Bezéiung schwätzt d'Sauerstoffisotopeverhältnes. Déi Ofwäichung kéint awer duerch Metasomatos oder Prozesser wärend der Impaktbrekzéierung zustan kommen. Sou kéint e Meteorit mat engem aneren Isotopeverhältnes d'Kuuscht vum Mars kontaminéiert hunn.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Archive copy Gearchiveerd op 2018-05-29. Gekuckt de(n) 2013-01-08.
  2. 2,0 2,1 http://www.spiegel.de/wissenschaft/weltall/viel-wasser-und-sauerstoff-mars-meteorit-nwa-7034-analysiert-a-875804.html