Noyon
Ausgesinn
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Hauts-de-France | ||||
Departement | Oise | ||||
Arrondissement | Compiègne | ||||
Kanton | Noyon | ||||
Postcode | 60400 | ||||
Gemengecode | 60471 | ||||
Koordinaten | 49° 34’ 54’’ N 02° 59’ 59’’ O | ||||
Fläch | 1.800 ha | ||||
Bevëlkerung | 14.240 (2007) |
Noyon ass eng franséisch Gemeng am Departement Oise, an der Regioun Hauts-de-France.
Noyon läit am Dall vun der Oise, um Säitekanal vun der Oise an um Canal du Nord.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Noyon war schonn zu der Zäit vun de Gallier bewunnt. Et war eng staark befestegt Stad, soudatt 531 de Bëschof Medardus säi Sëtz vu Vermand dohi verluecht huet.
Zu Noyon goufen 768 de Karel de Groussen, an den 19. August 987 de Kapetenger Hugues Capet zum Kinnek vun de Franke gewielt.
Den 13. August 1516 gouf do en Traité tëscht dem François Ier an dem Karel V. ënnerschriwwen, an deem Frankräich Mailand zougesprach krut, mä Neapel huet missen opginn.
Am Éischten an am Zweete Weltkrich huet Noyon staark ënner der däitscher Besatzung ze leide gehat.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- D'Kathedral am spéitromanesche Stil
- d'Bistumsbibliothéik
Bekannt Leit
[änneren | Quelltext änneren]- Jean Calvin, deen do gebuer ass.
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Oise
- Arrondissementer am Departement Oise
- Kantonen am Departement Oise
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Oise
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Noyon – Biller, Videoen oder Audiodateien |