Hugues Capet

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hugues Capet - Hugo Capet
Titelen
Virgänger Louis V.
Nofollger Robert II.
Biographie
Gebuer 940 jul.
Dourdan
Gestuerwen 24. Oktober 996 jul.
Papp Hugo de Groussen
Mamm Hadwig vu Sachsen
Geschwëster Beatrice vu Paräis
Kanner Robert II. vu Frankräich

Den Hugues Capet (Hugo Capet op Däitsch), gebuer ëm 940 a gestuerwen 996, war Herzog vun de Franken a gouf 987 zum Kinnek vu Frankräich gewielt.

Kee weess genee, wéini den Hugues Capet op d'Welt koum a wéini Frankräich gebuer gouf. Et ass awer grad an der zweeter Hallschent vum 10. Joerhonnert, deemno an enger vun den donkelste Periode vun der westeuropäescher Geschicht, datt sech ee vun de wichtegsten Akte vum Schicksal vu Frankräich, an domat och vun Europa, ofgespillt huet. Niewelaanscht bemierkt ass et och genee déi Zäit, an där d'Räich ënner de Fittiche vum Otto I., aus der Famill vun den Herzoge vu Sachsen, am ostfränkesche Beräich nei ageriicht gouf (Translatio Imperii), an datt ee gewëssene Siegfried, deen d'Historiker als "Ardennegrof" bezeechnen, ëm 963 de Bockfiels iwwer der Uelzecht bei engem Tosch vu Lännereie mat der Abtei Sankt-Maximin vun Tréier krut an domat déi spéider Grofschaft Lëtzebuerg gegrënnt huet.

No der gloriéiser a bal legendärer Zäit vun de Karolenger koum et, wéinst interne Streidereien, friem Invasiounen (Wikinger am Nordwesten, Madscharen oder Ungarn am Osten a Sarazenen am Süden) an och wéinst dem kulturellen Zesummebroch, zur progressiver Opléisung vum Karolengerräich. De westlechen Deel vun der Ierfschaft vum Karel dem Groussen huet sech deemools vum ëstlechen Deel lassgemaach, a lues a lues huet d'Famill vun de Robertinger (les Robertiens), déi an der Paräisser Géigend an am Val de Loire verwuerzelt war, déi lescht Vertrieder vun de Karolenger verdrängt an ofgeléist.

Wat deemools, op engem Sonndeg vum Summer 987 zu Noyon, genee geschitt ass, wéi den Herzog vun de Franken, Hugues Capet, nom Doud vum Louis V. bei engem Juegdaccident zu Senlis, vum Adel a vun der Kierch als neien Herrscher am Weste gewielt gouf, war laang e Rätsel a bleift bis haut deelweis onkloer.

D'Salbung an d'Kréinung vum Hugues Capet zum Kinnek zu Reims, duerch den Äerzbëschof Adalbéron vun do, den 3. Juli 987, war souwuel de Schlusspunkt vun enger politescher Evolutioun, an där d'Kierch, ë. a. mam Abt vu Cluny, eng grouss Roll gespillt hat, wéi och den Ufank vun enger neier Ära a Westeuropa.

Den Hugues Capet hat d'Adélaïde de Poitou bestuet. D'Koppel krut ee Jong, Robert genannt, deen nach zu Liefzäite vum Hugues zum Kinnek gesalbt gouf an 996 säi Papp um Troun vu Frankräisch ofgeléist huet. Spéider ass en als Robert de Frommen (Robert le Pieux) an d'Geschicht agaangen.

Déi nei Ierfdynastie, déi am Ufank nach zimmlech wackelech war, well verschidde wichteg Leit den Hugues - net ganz zu Onrecht - als Usurpator betruecht hunn (den Hugues hat e méi legitime Rival, den Herzog Charel vun Nidderloutrengen, verdrängt), sollt - direkt oder iwwer Niewebranchen (Valois, Bourbon, Orléans) - ronn aachthonnert Joer bestoen. Hiren Numm bezitt d'Kapetenger-Dynastie vum Hugues sengem Bäinumm "Capet", deen anscheinend vu sengem "Look" hierkënnt: als Laienabt (abbé laïc) deen en och war, huet den Hugues ëmmer eng Cape, deemno eng Zort Mantel ouni Äerm, gedroen, an dat soll him säi Spëtznumm abruecht hunn.

Virgänger:
Louis V.
Kinnek vun de Franken
987-996
Nofollger:
Robert II.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Edmond Pognon, Hugues Capet, roi de France; Paräis, 1966.
  • Karl Ferdinand Werner, Westfranken-Frankreich unter den Spätkarolingern und frühen Kapetingern; in Handbuch der europäischen Geschichte, herausgegeben von Th. Schiede, Band I.
  • Karl Ferdinand Werner, Les origines (avant l'an mil), Band I vun der sechsbänneger Histoire de France, ënner der Leedung vum Jean Favier; Paräis (Fayard), 1984.
  • Laurent Theis, L'avènement d'Hugues Capet; Paräis (Gallimard, collection 'Trente journées qui ont fait la France'), 1984.
  • Yves Sassier, Hugues Capet; Paräis (Fayard), 1987.
  • Bernd Schneidmüller, Karolingische Tradition und frühes französisches Königtum; Wiesbaden, 1979.
  • Louis Mexandeau, Les Capétiens; Paräis (Éditions Rencontre), 1969; am Täschformat vum Verlag Marabout, coll. 'Histoire', 1987 nei opgeluecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hugh Capet of France – Biller, Videoen oder Audiodateien