Observatoire vu Marseille
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Observatoire de Marseille)
|
| |
| Typ | astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| MPC-Code | 014 |
| Datum vum Bau | 1702 |
| Opgaangen | 1702 |
| Websäit | http://andromede.id.st/, https://www.osupytheas.fr/ |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Frankräich |
| Regioun/Gemeng | Marseille |
| Koordinaten | 43°18'19,62"N, 5°23'40,58"O |
| Héicht | 40 m |
|
| |
Den Observatoire vu Marseille ass en astronomeschen Observatoire, dee vun der Universitéit vun Aix-Marseille bedriwwe gëtt.
Den Observatoire steet zu Marseille a Frankräich. Nodeem en ageriicht war, huet do den Édouard Stephan 1877 eng Grupp vu Galaxien entdeckt, déi als Stephans Quintett bekannt sinn. Den Observatoire gouf ufanks baussent der Stad gebaut, steet awer haut, well Marseille ëmmer méi grouss gouf, am Stadgebitt.
2000 gouf den Observatoire mam Laboratoire d'astronomie spatiale zesummegeluecht fir de Laboratoire d'astrophysique de Marseille ze bilden.
Direktere vum Observatoire
[änneren | Quelltext änneren]| De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
- 1702 – 1728: Antoine Laval
- 1729 – 1763: Esprit Pezenas
- 1763 – 1801: Saint-Jacques de Silvabelle
- 1801 – 1810: Jacques-Joseph Thulis
- 1810 – 1821: Jean-Jacques Blanpain
- 1821 – 1836: Jean-Félix Adolphe Gambart
- 1836 – 1860: Benjamin Valz
- 1866 – 1907: Édouard Stephan
- 1907 – 1921: Henry Bourget
- 1921 – 1923: Henri Buisson (Geschäftsféierenden Direkter)
- 1923 – 1948: Jean Bosler
- 1948 – 1971: Charles Fehrenbach
- 2008 – ?: Roger Malina
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Observatoire vu Marseille – Biller, Videoen oder Audiodateien |
