Jean-Félix Adolphe Gambart

Vu Wikipedia
Jean-Félix Adolphe Gambart
Gebuer 12. Mee 1800
Sète
Gestuerwen 23. Juli 1836
Paräis
Doudesursaach Cholera
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom

De Jean-Félix Adolphe Gambart, gebuer den 12. Mee 1800 zu Sète a gestuerwen den 23. Juli 1836 zu Paräis war e franséischen Astronom.

De Gambart gouf als Jong vun engem Kapitän gebuer. Schonn a jonke Jore gouf seng Intelligenz vum Alexis Bouvard erkannt, deen hien iwwerzeegt hat, sech mat der Astronomie ofzeginn. 1819 goung hien op den Observatoire vu Marseille a gouf am Joer 1822 Direkter vum Observatoire.

Wärend senger Lafbunn hat hie vill Observatioune vun de Jupitermounde gemaach an hat am Ganzen 13 Koméiten entdeckt. Am Joer 1832 hat hien den Duerchgank vum Merkur virun der Sonn observéiert an hat bemierkt, datt de Planéit deforméiert virkoum, wéi hien de Sonnerand erreecht hat.

Den Gambart huet ënner Tuberkulos gelidden an ass 1836 u Cholera gestuerwen.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

De Krater Gambart um Äerdmound gouf no him genannt. Ausserdeem krut hien eng Medail vun der Royal Astronomical Society fir seng Berechnung vun enger Koméitenëmlafbunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie