Old Trafford

Vu Wikipedia
Vue op den Terrain an d'Tribunen

De Stadion Old Trafford ass e Foussballsstadion an der englescher Uertschaft Trafford, e Borough an metropolescher Grofschaft Greater Manchester. Et ass e Stadion dee komplett mat Sëtzplazen ekipéiert ass, a mat 76.212 Plazen ass et nom Wembley Stadium den zweet gréisste Foussballsstadion an England.

De Gronstee fir de Stadion gouf 1909 geluecht, an en ass den 19. Februar 1910 opgemaach ginn. Den Architekt war den Archibald Leitch.

D'Foussballfeld ass 105 x 68 m grouss, a gëtt vun der UEFA an der Klass vun de Fënnefstärestadione gefouert.

Dem Bobby Charlton huet e säi Spëtznumm Theatre of Dreams ze verdanken.

Et ass de Stadion op dem de Manchester United seng Heemspiller ausdréit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Old Trafford – Biller, Videoen oder Audiodateien