Ons Identitéit

Vu Wikipedia
Ons Identitéit
Film
Première 13. November 2010
Dauer 49 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Dréibuch Jacques Schiltz
Lars Schmitz
Fotografie Jacques Schiltz
Lars Schmitz
Rick Schmitz
Musek Sacha Hack
Schauspiller
Fabrice Bernard
Katharina Bintz
Marc Gerard
Michelle Hollman
Anna Katina
Xenia Katina
Anne Klein
Jhang Krier
Luc Lamesch
Konstantin Rommelfangen
Frederik Schlechter
Tom Schmitz
Yves Schmitz
Gilles Seyler
Julie Kieffer
Nic Werdel
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ons Identitéit ass eng lëtzebuergesch No-Budget-Produktioun aus dem Joer 2010. De Film ass aus der Zesummenaarbecht vu jonke Leit aus oder ronderëm den Théâtre national du Luxembourg (TNL) entstanen. Am Generique gëtt de Regisseur net gewisen.

D'Première war den 13. November 2010 am Ciné Sura zu Iechternach. Zanter dem 2. Dezember 2010 kann de Film online, mat oder ouni däitschen oder franséischen Ënnertitelen, gekuckt ginn. Enn 2021 gouf de Film iwwer 8,000 Mol gestreamt.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Et ass eng Satir ëm de Patriotismus an d'Nationalidentitéit déi ronderëm de Béier dréit, a méi speziell ëm de Lëtzebéier, oder wéi de Wirtsen Emil et ausdréckt:

"Et gëtt nach ëmmer e puer Leit, déi wësse firwat hir Grousselteren am Krich gekämpft hunn: Si hu fir ons Existenz gekämpft, fir ons Kultur... a fir onse Béier. Mir mussen eis hei am Land dofir asetzen datt fir onse BÉIER gekämpft gëtt!"

Zitat aus dem Film[änneren | Quelltext änneren]

D'Ausseministesch:

"... soss kritt der esou eng an d'Suddel, datt der mengt de MUDAM wier e Musée!"

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]