Ciné Sura

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Entrée vum Ciné Sura

De Ciné Sura ass e Kino zu Iechternach.

Generelles[änneren | Quelltext änneren]

Direkt vis-à-vis vum Ciné Sura zu Iechternach war 1896 déi éischt cinematographesch Virstellung. Spéider gouf dëse Kino e puermol zou- an erëm opgemaach. Zanter 1991 lafen zu Iechternach, dank der Ciné Sura ASBL erëm Filmer. De Ciné Sura ass Member vum CDAC.

Haut weist de Ciné Sura aktuell Filmer, stécht awer duerch eng ganz Rei kleng Festivallen eraus, wei z. B. de One World Trilogie, d'Clipstar-Kurzfilmfestival oder de Franséische Festival.

D'Mataarbechter vum Ciné Sura si quasi all fräiwëlleg a si vu 15 Joer bis zum Pensiounsalter mat dobäi, ënner anerem hëllefen un alle Poste Schüler, Proffen, Dokteren, Educateuren an all méiglech Mënsche mat. Déi eenzeg Viraussetzung fir d'Matmaachen ass datt ee muss kinobegeeschtert sinn an déi néideg Zäit a Gedold matbréngen.

Technesch Detailer[änneren | Quelltext änneren]

  • Klimatiséierte Sall
  • 109 Sëtzplazen
  • Mono-, Stereo-, Dolby- Digital CP650 an dts-Digitaltoun
  • Projekter (Cinemeccanica [1] Victoria 5, BJ '46) fir 35mm Filmer an deenen dräi gängege Formater (2,35:1, 1,66:1, 1,33:1)
  • Geliits a Form vu Stärebiller installéiert
  • 2-3 Mann Personal fir eng Virstellung (Projektionist, Caissier, Placeur/Glaceverkeefer)
  • Méiglechkeet zur Projektioun vun TV, PC oder Video
  • Perforéiert Leinwand (wéinst der Akustik)
  • 1 fest ugestallte Mataarbechter
  • 25 fräiwëlleg Mataarbechter
  • 4-8 Seancen an der Woch

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1896 weist de Fotograf Jacques Marie Bellwald déi éischt Kéier zu Lëtzebuerg e Film vis-à-vis vum haitege Ciné Sura. Domat gëtt Iechternach de Gebuertsuert vum lëtzebuergesche Kino. 1919 gëtt dann de "Cinéma Seffer" als éischte fixe Kino zu Iechternach opgemaach, op där Plaz wou haut de Ciné Sura steet. 1940 krut de Ciné Sura vun de Besatzer den Numm Ton und Lichtspieltheater Germania Echternach.

De Kino iwwersteet de Krich, gëtt no 1945 nees hannescht ëmbenannt an 1949 vun de Leit Herschbach a Gausche iwwerholl. Am Kinoboom mécht zu Iechternach, do wou haut de Cactus ass 1950 de Cinéma Plaza op. 12 Joer maachen déi zwéi Kinoe sech Konkurrenz bis de Sura schliisslech 1962 zoumecht; de Plaza 7 Joer méi spéit. Am selwechte Joer (1969) keeft d'Madame Emilie Barbelé-Heuertz de Kino zréck, allerdéngs leeft de Betrib just 3 Joer. No laangem hin an hier mécht 1972 den Iechternacher Kino seng Dieren zou.

Et sollt 15 Joer daueren, bis 1987 eng Rei Cineasten ënner der Regie vum Michel Kneip sech zesummefannen, a probéieren, de Sura erëm un d'Liewen ze bréngen. 1988 gëtt d'Ciné Sura a.s.b.l. gegrënnt. Iwwer 12 Milliounen aler Frang goufen zesummegeluecht an 1990 gouf ugefaangen, de Kino ze restauréieren.

Den neie Sura[änneren | Quelltext änneren]

Den 21. November 1991 ass d'Erëffnung vum neie Ciné Sura. Am Joer 2005 forméiert sech en neie Comité ënner der Presidence vum Michael Dohrmann. De Sura kritt en Open Air Kino a packt et ausserdeem am Joer 2005, deen eenzege Kino am Land ze sinn, deen net an déi rout Zuele rutscht a ka sech sou aus enger Kris erausmanövréieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Websäit vum Kino Sura