Opschloss (Geologie)

Vu Wikipedia
Opschloss vun Toun- a Sandsteen vum Keuper um Schwanberg bei Iphofen
Opschloss Payson um Westrand vum Erebus-Krater um Planéit Mars (Foto vum Opportunity-Rover)
Géi Ofbaufront um Hesselsbierg zu Téiteng

En Opschloss ass eng Plaz op der Äerduewerfläch, wou Gestengs, dat mat dem regionale Gestengsënnergrond verbonnen ass, ustéisst, d. h. un den Dag kënnt. Dat ass ënner fiichte Klimabedingunge besonnesch am Flaachland dacks vu Buedem a Planzewuesstem verstoppt an dofir net opgeschloss. Wann an engem Opschloss nieft der Gestengsaart och graff Strukture wéi Splécken, Schichtung oder Schiiferung erkennen an amoossen loossen, da schwätzt ee vu relativ gudden, sinn och Detailer wéi Sedimentstrukturen erkennbar, vun idealen Opschlossverhältnesser. Opschlëss sinn och Plaze wou Gestengsprouwe fir wëssenschaftlech oder technesch Zwecker gemaach ginn.

Et gëtt ënnerscheet tëscht:

Am wäitste Sënn kann een och Gestengsprouwen, déi bei geologesche Buerunge gemaach goufen (→ Buerkär), als kënschtlechen Opschloss bezeechnen.

Opschlëss vun allen Aarte sinn déi wichtegst Datequelle fir d'Geologie am Allgemengen a fir geologesch Kartéierungen am Besonneschen, well een un hinnen déi un exakt geologesch Verhältnesser vun där Plaz ofliese kann. Wann Opschlëss an engem bestëmmte Gebitt feelen, da kann duerch labber Gestengsfragmenter déi een um Buedem fënnt, eventuell op d'Gestengsformatioun geschloss ginn, déi méi déif läit (→ Liessteng).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Opschlëss – Biller, Videoen oder Audiodateien