Optesch Signalopbereedung (Fernsehtechnik)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Bildoftaaschten an Iwwerdroen[änneren | Quelltext änneren]

Liicht a Faarf[änneren | Quelltext änneren]

Fir eng Bildvirlag faarweg ze gesinn, muss se selwer Liicht produzéieren (Liichtfaarwen) oder et muss e wäisst Liicht op se falen (z. B. Sonneliicht) a vun hir reflektéiert ginn (Kierperfaarf). Wäisst Liicht enthält de komplette Frequenzspektrum vun zirka 400 nm bis 700 nm.

Liicht ass deen Deel vun den elektromagnéitesche Wellen, dee vum mënschlechen A gesi gëtt.

Mat engem Prisma kann ee wäisst Liicht an d'Spektralfaarwen zerleeën. Laangwellegt Liicht (700 nm, Rout) gëtt vum Prisma manner gebrach, kuerzwellegt Liicht (ëm déi 400 nm, Mof) gëtt méi staark gebrach. D'Spektralfaarwe ginn doduerch raimlech getrennt a kënne vum A gesi ginn.

Kierperfaarwen entstinn duerch Reflexion. Gëtt e Géigestand vum wäisse Liicht ugestraalt, reflektéiert e nëmmen eng Wellelängt, dat anert Liicht gëtt absorbéiert. En erschéngt an der Faarf, déi der Wellelängt vum reflektéierte Liicht entsprécht.

Déi Zellen an der Netzhaut, déi dofir suergen datt mer gesinn, ënnerdeele mer wéinst hirer Form a Stäbercher an Zäpp. D'Stäbercher sinn empfindlech a breedbandeg. Se reagéieren op schwaacht Liicht (Nachtsehen). D'Zäpp sinn onempfindlech a schmuelbandeg. Si erméiglechen eis, datt mer d'Faarwe gesi kënnen (Tagsehen). Et gëtt dräi Zäpp-Gruppen mat enger maximaler Empfindlechkeet bei zirka:

  • 610 nm --> Rout
  • 540 nm --> Gréng
  • 470 nm --> Blo.

Ass d'A net an der Lag Liichtfaarwe raimlech ze trennen, kënnt et zu enger additiver Faarfmëschung. Fir d'additiv Faarfmëschung brauch een d'Primärfaarwe Rout, Gréng a Blo. Projezéiert een d'Liichtstrahle vu dräi Luuchten op en Ecran, sou kënnt et an deene Beräicher, wou se sech op der Projektiounsfläch treffen, zu der additiver Faarfmëschung. Am Géigesaz zu der subtraktiver Mëschung (Molerei) entsteet bei der Mëschung eng Mëschfaarf mat méi grousser Hellegkeet.

Faarfdisplaye notzen d'begrenzt raimlecht Opfaassungsverméige vum mënschlechen A. Verklengert ee bei Display d'Pixelen sou wäit, datt d'A se net méi trenne kann, kënnt et zu der additiver Mëschung.

  • Rout & Gréng = Giel
  • Rout & Blo = Magenta
  • Blo & Gréng = Cyan

Mat den dräi Primärfaarwen Rout, Gréng a Blo loosse sech also duerch additiv Faarfmëschung all Faarwen, déi an der Natur virkommen, duerstellen.

D'A ënnerscheet a Realitéit tëscht der Hellegkeet, dem Faarftoun an der Faarfsiedegung. D'Hellegkeet ass d'Stäerkt vum Liichtempfannen (Liichtdicht). De Faarftoun gëtt duerch d'Wellelängt vum Liicht bestëmmt (z. B. 610 nm = Rout). D'Faarfsiedegung gëtt d'Intensitéit vun der Faarf un.