Pällembësch bei Rettel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
De Pällembësch bei Rettel a Loutrengen. En dichte Pällembësch léisst dacks net genuch Luucht bis op de Buedem fir d'Entwécklung vun enger Krautschicht z'erlaben.

De Pällembësch bei Rettel, op Franséisch buxaie du Pällembësch[1], ass e Griechtebësch mat Dominanz vum Pällem an der Gemeng Rettel a Loutrengen. En ass am Dällche Palmbusch tëscht Malling a Rettel ze fannen, dee vum landwirtschaftlech benotzte Plateau sud-ëstlech vu Rettel a Richtung Westen bis bei d'Musel féiert. D'Baach huet eng déif Griecht an de Kallekplateau gefriess a féiert nëmme Waasser wann et vill reent.

D'Vegetatioun [2] gëtt nieft Bich an Hobich vun Aarte vun de Griechtebëscher dominéiert (ë. a. Aaschtert, Esch) an, do wou de Pällem en dicht Ënnerholz bilt, ass praktesch keng Krautschicht ze fannen.

Ënner anere fënnt een an deem Bësch folgend zwou Flechtenaarten op de Blieder an op den Äscht vum Pällem: Physcia tenella, dee praktesch op all Individuum ze fannen ass, an déi extrem seelen Byssoloma diederichiana[3].

Am Pällembësch bei Rettel fënnt een och de Far Phyllitis scolopendrium deen zimlech seelen a Loutrengen ass. Am Fong vun der Griecht nieft der Baach fënnt een eng aner rar Aart, Lunaria rediviva, déi eng Virléift fir kallekräich Biedem huet.

De Conservatoire des sites lorrains huet e Léierpad duerch dësen Espace naturel remarquable uegeluecht, op Panneaue kritt ee verschidden Erklärungen.

Nom Pällembësch ass zu Rettel eng Strooss genannt ginn: « rue de la forêt de buis ».

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Durin, L., Mullenders W. & C. Vanden Berghen, 1964. Les forêts à Buxus des bassins de la Meuse française et de la Haute-Marne. Bull. Soc. Roy. Bot. Belgique 98.
  • Parent, G.H., 1980. Les buxaies Mosellanes: (France, G.-D. de Luxembourg, Allemagne occidentale). Mémoires de la Société royale de botanique de Belgique 8. 72 pp.
  • Vernier, F., 1997. Le buis (Buxus sempervirens L.) en Lorraine, plante vraisemblablement introduite par l'homme. Bulletin des Académies et Société Lorraines des Sciences 36, n°3. (pdf)

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Och nach: buxaie du Palmbusch.
  2. Cf. eng detailléiert Beschreiwung bei Parent 1980 an der bibliographie.
  3. Byssoloma diederichiana gouf vum lëtzebuergesche Lichenolog Paul Diederich an dësem Pällembësch fonnt, deen deemno de locus typicus vun der Aart ass. D'Aart gouf nom Entdecker genannt. Dat eenzegt anert bekannt Virkomme vun dëser Aart läit op de Kanaren.