Op den Inhalt sprangen

Péiteng on Air

Vu Wikipedia

Péiteng on Air (och alt: Radio POA) ass e lokale Radiossender zu Lëtzebuerg, dee vun der Asbl Radio-Tele Gemeng Péiteng bedriwwe gëtt.[1]

E sent zanter 2018 op der UKW-Frequenz 102.2 MHz an ass am Südweste vum Land an am noe belschen a franséische Grenzgebitt z'emfänken.

De Sender gouf vum Roland Breyer, André Weber (DJ Käptn Ända) an Alain Krecké gegrënnt. De Studio war ufanks an engem Nieweraum vun engem Bistro, zanter 2020 ass en an engem Gebai zu Rolleng, an deem virdrun déi Neiapostoulesch Kierch e Versammlungsraum hat, an deen ewell de Radiosbedrweiwer fir e symboleschen Euro vun der Gemeng Péiteng verlount gëtt. Et besti Pläng, zesumme mat engem Musée du son an en aalt Gebai ze plënneren, dat d'Gemeng am Gaang ass, ze restauréieren.

De Radio spillt virun allem Musek; et gëtt eng bis dräi Live-Sendungen den Dag. E gëtt vun enger Ekipp vu 16 benevollen Animateuren an enger Sekretärin bedriwwen. E sent wiertes vu mueres 10 bis owes 22 Auer; de Weekend iwwer just bis 18.30, resp. 17 Auer (Stand 2024).

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. All Informatiounen iwwer dësen Artikel, wou net anescht uginn: Claude Molinaro: "Aus der Idee eines Kneipengesprächs." tageblatt, 28./29.12.2024, S.17.