Par Miersch Saint-François
Ausgesinn
D'Par Miersch Saint-François ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Zentrum an ersetzt déi 6 fréier Pare Blaaschent, Fëschbech, Lëntgen, Luerenzweiler, Miersch a Miesdref. Eesebuer, déi fréier Filial vun der Par Blaaschent, gëtt ofgetrennt.
D'Par erstreckt sech iwwer d'Gebitt vun de Gemenge Fëschbech, Lëntgen, Luerenzweiler a Miersch.
De Patréiner vun der Par ass den hellege Franz vun Assisi.
D'Parkierch ass d'Kierch vu Miersch.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg